
Nodeems en Dënschdeg op de soziale Medien eng Annonce vun engem Huissier opgedaucht war, an där stoung, dass de Swift Hesper gezwonge wier, verschidden Trainingsmaterialen ze versteeën, konnt déi Vente forcée, déi fir e Mëttwoch ugesat war, evitéiert ginn.
Den aktuellen Tabellennéngten aus der Futtball-Nationaldivisdioun hätt déi néideg finanziell Mëttelen awer nach mat Zäit beienee kritt. De Huissier hat e Mëttwoch wësse gedoen, dass et net zu enger Zwangsstee komme misst. Och de President Fernand Laroche hat eis am RTL-Interview en Dënschdeg schonn annoncéiert, dass een d’Saach direkt wéilt an d’Rei bréngen.
An de leschte Joren a Méint hu verschidde Spiller vum Swift jo bei der FIFA geklot, hir Salairen net all kritt ze hunn. Doduerch gouf et ënner anerem eng Transfertsspär, déi nach ëmmer besteet.