Nationale FuttballUNA Stroossen trennt sech vum Trainer an de Co-Traineren

RTL Lëtzebuerg
De Stefano Bensi a seng Co-Traineren wäerten an Zukunft net méi op der Bänk zu Stroossen sëtzen.
© Val Wagner

Aus dem nationalen Futtball kënnt d’Nouvelle, datt d’UNA Stroossen sech vun hirem Trainer Stefano Bensi a sengen Co-Trainere getrennt huet. Dat huet de Veräin an engem Communiqué annoncéiert.

No der 1:2-Defaite e Sonndeg auswäerts zu Rodange ass den Ecart vun deenen Stroossener op den Tabelleleader Déifferdeng op 5 Punkte geklommen. De Stefano Bensi souz zanter November 2024 zu Stroossen um Trainerstull a gouf déi l’escht Saison Vizechampion.

Den Interim vun der Ekipp iwwerhuelen de Manuel Correia, den Arno Bonvini an de Sébastien Chedal.

D'Schreiwes vun der UNA Stroossen

D’Tabell vun der BGL Ligue

Back to Top
CIM LOGO