Wärend d'Championnat an der Bundesliga an an der Ligue 1 schonn eriwwer ass, stoung an England, Spuenien an an Italien réischt dëse Weekend de leschte Spilldag um Programm.
An der Premier League war et virun allem nach spannend an der Fro, wien den drëtten Ofsteiger gëtt. Trotz enger 3:0-Victoire géint Leeds geet et fir West Ham erof an d'Championship. Dat well sech Tottenham parallel mat engem 1:0 géint Everton gerett huet. Donieft stinn elo och mam Champion Arsenal, ManCity, ManUnited, Aston Villa a Liverpool déi fënnef Champions-League-Participante fest. Fir Bournemouth a Sunderland geet et an d'Europa League a fir Brighton an d'Conference League.
An der Serie A ass et fir den Ofschloss vun der Saison onschéin Biller aus Turin ginn. Virum Derby war et op de Stroosse virum Stadion zu Ausernanersetzungen tëscht Supporter vum FC Turin a Juventus komm. Steng, Fläschen a weider Géigestänn goufe geschoss an och Tréinegas gouf doropshi vun der Police agesat. Wéi AFP mellt, soll dobäi eng Persoun, presuméiert e Fan vu Juventus, mat engem Schädeltrauma an d'Spidol bruecht gi sinn. D'Ultras vun der Bianconeri hunn d'Spiller doropshin opgefuerdert, an de Vestiairen ze bleiwen. Tatsächlech war den Terrain ufanks dann och eidel bliwwen. Réischt mat 60 Minutte Retard gouf de Match da géint 21:45 Auer ugepaff.
Sportlech gesinn ass Cremonese als drëtt Ekipp nieft Hellas a Pisa ofgestigen. Um leschte Spilldag war eng Rettung nach méiglech, ma um Enn huet ee mat 1:4 géint Como de Kierzere gezunn. Como huet sech dogéint mat där Victoire fir déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht fir d'Champions League qualifizéiert, dat nieft dem Champion Inter, Neapel och nach der AS Roum.
D'Kinneksklass verpasst an domat an d'Europa League geet et fir den AC Mailand an och fir Juventus. An der Conference League steet dann nach Atalanta Bergamo.
Tottenham - Everton 1:0
1:0 Palhinha (43')
West Ham - Leeds 3:0
1:0 Taty (67'), 2:0 Bowen (79'), 3:0 Wilson (90+4')
Manchester City - Aston Villa 1:2
1:0 Semenyo (23'), 1:1 Watkins (47'), 1:2 Watkins (61')
Liverpool - Brentford 1:1
1:0 Jones (58'), 1:1 Schade (64')
Palace - Arsenal 1:2
0:1 Jesus (42'), 0:2 Madueke (48'), 1:2 Mateta (89')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Neapel - Udinese 1:0
1:0 Höjlund (24')
Cremonese - Como 1:4
0:1 Rodriguez (36'), 0:2 Douvikas (51'), 1:2 Bonazzoli (55'), 1:3 da Cunha (74'), 1:4 da Cunha (81')
Lecce - Genua 1:0
1:0 Banda (6')
AC Mailand - Cagliari 1:2
1:0 Saelemaekers (2'), 1:1 Borrelli (20'), 1:2 Rodriguez (57')
FC Turin - Juventus 2:2
0:1 Vlahovic (24'), 0:2 Vlahovic (54'), 1:2 Casadei (60'), 2:2 Adams (84')
Hellas - AS Roum 0:1
0:1 Malen (56'), 0:2 El Shaarawy (90+3')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
Villarreal - Atlético Madrid 5:1
1:0 Parejo (30'), 2:0 Ayoze (34'), 3:0 Mikautadze (40'), 3:1 Pubill (43'), 4:1 Gueye (45'), 5:1 Ayoze (54')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga