
Zanter Summer 2025 spillt d’Emma Goetz fir Austria Wien. Mat der Ekipp aus der éisträichescher Haaptstad huet déi jonk Lëtzebuerger Golkipperin an der Saison 2025/2026 de Championstitel dierfe feieren an huet och d'Coupe an d'Luucht dierften halen. Mam Futtball an Éisträich kennt si sech also mëttlerweil gutt aus.

Dem Emma Goetz no gëtt de Futtball och an Éisträich ëmmer méi eppes wéi en Nationalsport. Och wann de Wantersport gréisstendeels awer nach géing dominéieren, kéinten awer ëmmer méi Leit sech mam Futtball identifizéieren. "De Futtball gëtt gelieft a menger Meenung no ass dat dat Wichtegst", seet déi 20 Joer al Futtballspillerin. Och wat den Dammefuttball ugeet, géif vill investéiert ginn an et wier schéin ze gesinn, datt eng Entwécklung stattfënnt an et net stagnéiert.
De Grupp J vun der WM 2026 ass op den éischte Bléck e Grupp mat engem klore Favorit, nämlech Argentinien. Als Titelverdeedeger bréngt Argentinien vill Erfarung, Qualitéit a Confiance mat. D'Ekipp huet dobäi nach ëmmer e staarke Kär vun de Spiller, déi schonn d'WM 2022 gewonnen hunn. Och an den Ae vum Emma Goetz ass den Titelverdeedeger de grousse Favorit am Grupp J. "Si hunn einfach eng immens spillstaark Ekipp" an och "Spiller, déi Amenter fannen, fir e Match ze decidéieren." Dobäi spillt d'Golkipperin natierlech och op de Lionel Messi un. De fréiere Spiller vum FC Barcelona wier "e Leader" an déi jonk Spiller géifen hien als Virbild gesinn. Och mat senge mëttlerweil 38 Joer kéint hien a Matcher weiderhin decisiv sinn an eng Ekipp uféiere mat senger Erfarung. Spiller wéi de Lionel Messi géifen einfach eng gewësse Sécherheet an d'Ekipp bréngen, déi op esou Turnéieren immens wichteg wier.

Nieft Argentinien, kéint Éisträich eng vun den Iwwerraschungsekippe vun der WM ginn. Zënter e puer Joer huet Éisträich sech ënner dem Trainer Ralf Rangnick staark entwéckelt. Éisträich huet en immens aggressive Spillstil. "Se pressen héich, versichen, de Géigner fréi ënner Drock ze setzen, fir ebe Feeler ze erzwéngen an ech mengen, si kënnen do och groussen Ekippe geféierlech ginn", mengt d'Emma Goetz. Donieft hätt een an der éisträichescher Nationalekipp en immens gudden Equiliber tëscht jonken an awer och gestanene Spiller, betount d'Rout Léiwin. "Deen Equiliber ass immens wichteg", dat géif de Kader vum Ralf Rangnick ganz geféierlech maachen. Mat erfuerene Spiller wéi David Alaba, Marko Arnautovic a Konrad Laimer hu si genuch Qualitéit, fir sech fir d'Aachtelsfinall ze qualifizéieren.
Algerien a Jordanien komplettéieren de Grupp J. Algerien ass den Outsider vun der Grupp. Vill Leit schwätzen haaptsächlech iwwer Argentinien an Éisträich, mee Algerien huet eng Ekipp mat vill Talent an Erfarung. Mat Spiller wéi Riyad Mahrez an Amine Gouiri kënne si all Ekipp an der Grupp a Schwieregkeete bréngen. Wa si géint Éisträich gewannen oder géint Argentinien e Punkt huelen, da kéinte si sech souguer déi zweet Plaz sécheren, mee et ass och net ausgeschloss, datt d'Afrikaner als ee vun de beschte Gruppendrëtte weiderkommen. D'Emma Goetz huet am Interview betount, datt een ni e Géigner ënnerschätzen dierf. "Ech kéint mir virstellen, dass Algerien op engem gudden Dag den Éisträicher kéint geféierlech ginn.
Fir Jordanien ass schonn d'Participatioun un dëser WM e risege Succès. Et ass déi éischt Kéier, datt Jordanien sech fir eng Weltmeeschterschaft qualifizéiert huet. D'Ekipp huet manner individuell Qualitéit wéi déi aner dräi Natiounen, mee si wäert mat vill Motivatioun an Teamgeescht optrieden. Jordanien dierft wuel keng grouss Chancen hunn, fir weiderzekommen, mee si kënnen engem Favorit sécher e schwéiere Match liwweren. Algerien a Jordanien géingen de Futtball liewen a kéinten och emol fir déi eng oder aner Iwwerraschung gutt sinn, mengt d'Emma Goetz. Um Enn dierfte sech Argentinien an Éisträich awer wuel déi éischt zwou Plazen am Grupp J sécheren.