Ronn eng Woch nom Out zu StroossenStefano Bensi iwwerhëlt vum Summer un d'US Rëmeleng

Sam Rickal
Dat huet d'Ekipp aus der Éierepromotioun e Mëttwoch annoncéiert. Véier Spilldeeg viru Schluss stinn déi Rëmelenger op der 4. Plaz an der Tabell.
© Val Wagner

Vun der nächster Saison un ass de Stefano Bensi zeréck bei der US Rëmeleng, do wou hie schonn tëscht 2006 an 2009 als Spiller aktiv war. Dat huet de Veräin aus der Éierepromotioun e Mëttwoch op senge soziale Medie matgedeelt. Réischt viru ronn enger Woch gouf bekannt, datt de fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller an d'UNA Stroossen an Zukunft getrennte Weeër ginn.

Fir de Stefano Bensi ass et no der Escher Fola a senger Zäit zu Stroossen seng 3. Statioun als Trainer. Assistéiert gëtt hie weiderhi vum Veldin Muharemovic. D'US Rëmeleng kämpft weiderhin ëm den Opstig an d'BGL Ligue. 4 Spilldeeg viru Schluss stinn déi Rëmelenger op der 4. Plaz an der Tabell, dat mat 5 Punkte Retard op den Tabelleleader Etzella Ettelbréck.

Back to Top
CIM LOGO