Lëtzebuerger Futtballer am AuslandSankt Pölten an Dirk Carlson gi getrennte Weeër

Sam Rickal
De Veräin aus der zweeter éisträichescher Divisioun huet dat en Dënschdeg annoncéiert – wou dem Dirk Carlson seng Rees higeet ass nach net bekannt.
Den Dirk Carlson a Sankt Pölten koumen dës Saison an der zweeter éisträichescher Divisioun op déi zweete Plaz an haten den Opstig nëmme knapp verpasst.
© Ben Majerus / sportspress (Archiv)

SKN Sankt Pölten huet en Dënschdeg enger Partie Spiller op de Soziale Medien Äddi gesot, ënner anerem och dem Dirk Carlson. Den 73-fachen Nationalspiller huet jo ëmmer rëm an der Vergaangenheet betount, datt hien en neien Challenge reize géing.

Déi nei Destinatioun ass allerdéngs nach net bekannt.

Den 28 Joer alen Defenseur ass 2023 vun ADO Den Haag aus der zweeter hollännescher Divisioun an déi zweet Liga an Éisträich bei SKN Sankt Pölten gewiesselt. Do virdru stoung den Dirk Carlson ënner anerem och fir Erzgebirge Aue an den Karlsruher SC an der 2. däitscher Bundesliga ënner Kontrakt. 2018 hat hie vu Péiteng de Sprong an d'Ausland bei d'U21 vun de Grasshopper Zürich gewot.

Den Dirk Carlson a Sankt Pölten koumen dës Saison an der zweeter éisträichescher Divisioun op déi zweete Plaz an haten den Opstig nëmme knapp verpasst.

Back to Top
CIM LOGO