Virschau op d'Futtball-WM: Grupp HRonny Souto: "Sief et am Cap Vert oder zu Lëtzebuerg, mir kënnen et all net ofwaarden, datt et endlech lassgeet"

Jeff Birsens
De Cap Vert ass déi éischte Kéier bei enger Futtball-WM dobäi. Mir hu mam fréieren Nationalspiller Ronny Souto iwwer d'Entwécklung, d'Chancen an och d'Euphorie vun de Kapverdianer an och vun der kapverdianescher Communautéit zu Lëtzebuerg geschwat.
© RTL-Grafik

Fir déi éischte Kéier an der Geschicht ass de Cap Vert bei enger Futtball-Weltmeeschterschaft dobäi. No der 3:0-Victoire um leschte Spilldag vun der Qualifikatioun géint Eswatini war d’Euphorie am klengen Inselstaat net méi ze bremsen an ass natierlech och op déi kapverdianesch Communautéit zu Lëtzebuerg iwwergeschwenkt.

De Ronny Souto, jorelaang an der BGL Ligue als Spiller an aktuell als Trainer zu Luerenzweiler am Asaz, huet tëscht 2008 an 2013 selwer 20 Mol fir d’Nationalekipp vun de “Blohaie“ gespillt a weess aus eegener Erfarung, wat sou een Erfolleg fir dës Natioun bedeit: „Et ass scho ganz, ganz laang, datt mir op dëse Moment gewaart hunn. Mir hunn eis ëmmer gesot, datt et dat Zil war, wat mir zanter X Joren erreeche wollten.“

Eemol scho war de Cap Vert immens no un enger Participatioun bei der Weltmeeschterschaft drun. Um leschte Spilldag vun der Qualifikatioun fir d’WM 2014 konnt ee sech mat engem 2:0-Succès an Tunesien laanscht d’Tunesier op déi éischt Plaz setzen an domat den Ticket fir déi decisiv Playoffe buchen. Wéi sech awer e puer Deeg dono erausstelle sollt, haten d’Blohaien ee Spiller agesat, deen eigentlech nach gespaart war a sou hu si nodréiglech um Gréngen Dësch verluer.

Méi Profispiller am Ausland, besser Infrastruktur

Ee battere Moment an der Verbandsgeschicht, un deem een awer gewuess ass. Sou hat een et am Afrika Cup 2022 bis d‘1/8-Finalle gepackt an 2024 war et souguer fir d‘1/4-Finallen duergaangen. Datt de Cap Vert sech elo endlech fir d’WM qualifizéiert krut, kënnt also net aus dem Näischt an ass d’Belounung fir d’Aarbecht aus deene leschte Joren. Scho méi laang hätt een dës Entwécklung komme gesinn, sou de Souto.

Grond dofir wieren natierlech ëmmer méi Spiller, déi de Sprong an de Profifuttball gepackt hunn, „virun allem a Spuenien, Holland oder aneren europäesche Länner“. Dorënner zielt virun allem de Logan Costa vu Villarreal, deen elo am Mee nach mat Zäite vun engem Kräizbandrëss zréckkomm ass. Awer och e Wagner Pina, Telmo Arcanjo oder Sidny Lopes Cabral spillen an den europäesche Ligen a sinn e wichtegen Deel vun der Ekipp. Nieft der ëmmer méi grousser Unzuel u Profispiller hätte sech dem Ronny Souto no awer och d’Aarbechtskonditioune vum technesche Staff sou wéi d’Infrastrukture fir de Futtball an deene leschte Joren ëmmer wieder verbessert.

Euphorie och zu Lëtzebuerg ukomm

Och zu Lëtzebuerg gëtt et bekanntlech eng relativ grouss kapverdianesch Communautéit, fir déi d’WM an deene leschte Wochen d’Gespréichstheema Nummer 1 war: „Natierlech herrscht bei eis Euphorie. Et ass eppes Historesches fir d’Land an zanter der Qualifikatioun ass et d’Haapttheema ënnert de Kapverdianer. Sief et am Cap Vert oder zu Lëtzebuerg, jidderee waart, datt et endlech lass geet. Mir stinn all hannert eisem Land.“

Dobäi sinn ass alles, oder ass méi dran?

No Island a Curaçao ass de Cap Vert dat drëttklengste Land, dat jee bei enger WM matgemaach huet. Deementspriechend sinn och d’Erwaardunge virum Turnéier net all ze héich an och de Grupp vum Cap Vert ass sécherlech net deen einfachsten: „De Grupp mat Spuenien, Saudi-Arabien an Uruguay ass immens komplizéiert, natierlech och direkt den éischte Match géint Spuenien ze hunn. Dat gëtt schonn e schwierege Start.

Trotzdeem muss sech den Inselstaat um Atlantik mat knapp 600.000 Awunner awer net verstoppen, mengt de Ronny Souto: „Näischt ass onméiglech. Et weess een ni wat geschitt. Firwat net déi néideg Punkte sammele fir d’Gruppephas ze iwwerstoen, och wann et natierlech komplizéiert gëtt.“ Egal wéi et ausgeet, „eleng schonn dobäi ze sinn, ass enorm“, sou de Souto ofschléissend.

Dräi Froen un de Ronny Souto

Wie gëtt Weltmeeschter?
Wie gëtt déi gréissten Iwwerraschung?
Wiem drécks du d'Daumen?

Infoen iwwer de Grupp H

Net nëmmen am Grupp H ass Spuenien de Favorit. Den aktuellen Europameeschter huet mat engem op alle Positioune staark besatem Kader déi bescht Viraussetzungen op den zweete WM-Titel no 2010. Am Mëttelpunkt steet natierlech den 18 Joer ale Superstar Lamine Yamal, dee viru kuerzem zwar nach mat liichte Blessuren ze kämpfen hat, dee wéi et schéngt fir de Start awer nees fit wäert sinn. Den Nationaltrainer Luis de la Fuente huet donieft nach wieder siwe Spiller vum Champion Barcelona nominéiert an net een eenzege vum grousse Rival Real Madrid.

Den zweefache Weltmeeschter Uruguay geet an déi fënneft WM hannerteneen. Am Verglach zu der leschter WM sinn eng Rei erfuere Spiller wéi den Edinson Cavani, Luis Suarez an Diego Godin net méi mat dobäi. Fir de Marcelo Bielsa huet et also geheescht, eng nei Ekipp, virun allem ronderëm de Mëttelfeld-Motor Fede Valverde, opzebauen. Obwuel een d’WM-Qualifikatioun ouni gréisser Probleemer mat Succès ofschléisse konnt, ass déi aktuell Form net déi allerbescht. Vun de leschte véier Testmatcher konnt d‘“La Celeste“ nëmmen dräi Goler schéissen a kee Match wannen. Et bleift also ofzewaarden, wéi ee mam Optaktmatch géint Saudi-Arabien an den Turnéier start.

Saudi-Arabien war op der leschter WM déi eenzeg Ekipp, déi de spéidere Weltmeeschter Argentinien klappen an domat fir eng grouss Iwwerraschung suerge konnt. Och dëst Joer si si nees relativ schwéier anzeschätzen, well den eenzege Spiller am Kader, deen an Europa spillt, de rietsen Defenseur Saud Abdulhamid vum RC Lens ass. De Rescht spillt ouni Ausnam an der Saudi Pro League, déi jo bekanntlech an deene leschte puer Joer duerch grouss Investitiounen e gutt Stéck méi kompetitiv ginn ass. Och dëst Joer dierf een dës Ekipp also op kee Fall ënnerschätzen.

De Spillplang
D'Favoritten am Grupp
Dräi Fakten iwwer de Grupp

Maacht mat bei eiser Ëmfro

Back to Top
CIM LOGO