
E Samschdeg den Owend gouf am däitsche Futtball déi éischt Ronn vum DFB-Pokal geloust. Dobäi kritt et ënner anerem Eintracht Tréier mam Lëtzebuerger Fabio Lohei am Moselstadion mam Bundesligist RB Leipzig ze dinn. Weider interessant kléngt och den Derby tëscht Waldhof Mannheim mam Vincent Thill géint den 1. FC Kaiserslautern.
Fir de Golkipp Tim Kips geet et mam Phoenix Lübeck géint den SC Paderborn a fir de Ben Schmit, dee viru Kuerzem säin éischte Profikontrakt bei Holstein Kiel ënnerschriwwen huet, geet et op Besuch bei 1860 München. Den Eldin Dzogovic wäert mam 1. FC Magdeburg dann nach beim SC Bahlingen gefuerdert sinn.
Den Titelverdeedeger Bayern spillt donieft géint de VfL Osnabrück. Déi 1. Ronn wäert vum 21. bis de 24. August gespillt ginn.