Conference LeagueRayo Vallecano klappt Stroossbuerg, Crystal Palace wënnt géint Donezk

RTL Lëtzebuerg
An der Conference League sinn en Donneschdeg den Owend déi zwee Allersmatcher vun den Halleffinalle gespillt ginn.
Rayo Vallecano's Brazilian forward #09 Alexandre Zurawski "Alemao" (R) celebrates scoring his team's first goal with teammate Rayo Vallecano's Spanish midfielder #17 Unai Lopez during the UEFA Conference League semi final first leg football match between Rayo Vallecano de Madrid and RC Strasbourg Alsace at Vallecas Stadium in Madrid on April 30, 2026.
© AFP

Zu Madrid hunn d'Spectateure vun Ufank un eng ëmkämpft Partie tëscht Rayo Vallecano a Stroossbuerg gesinn, an där et awer a béide Strofraim net zu allze vill villverspriechende Situatioune komm ass. Am éischten Duerchgang ass nämlech kenger Ekipp ee cadréierten Ofschloss gelongen. Dat sollt sech no der Paus änneren, well d'Lokalekipp d'Kontroll vum Match iwwerholl huet a méi geféierlech ginn ass. Esou konnt den Alemao seng Faarwen an der 54. Spillminutt no engem Corner per Kapp a Féierung bréngen. Och no der Féierung huet Rayo d'Iwwerhand behalen an hat nach e puer Chancen op den zweete Gol. Et sollt awer beim knappen 1:0-Endstand bleiwen, soudass Stroossbuerg trotz enger schwaacher 2. Hallschent nach eng passabel Ausgangslag fir de Retourmatch huet.

An der zweeter Halleffinall koum et zu Krakau zum Duell tëscht Schachtar Donezk a Crystal Palace, dat well d'Ukrainer hir Heemmatcher a Polen ausdroe mussen. Schonn no ronn 20 Sekonnen gouf Donezk duerch de Sarr geschockt, deen no Virlag vum Mateta den 1:0 fir d'Englänner markéiert huet. D'Ukrainer hunn an der Suite de Ball dominéiert, ouni sech awer Golgeleeënheeten erausspillen ze kënnen. Direkt nom Säitewiessel ass den Ocheretko awer dunn no engem Corner un de Ball komm a konnt dee verdéngten 1:1 schéissen. Nom Ausgläich ass Crystal Palace awer dunn déi besser Ekipp ginn an huet eng ganz Partie Chancë leie gelooss, ier de Kamada an der 58. Minutt nees op 2:1 gestallt huet. Donezk hat dunn däitlech méi Ballbesëtz, konnt géint eng kompakt Defense vu Palace awer kaum Gefor kreéieren. An der 85. Minutt huet de Strand Larsen no engem Konter mam 3:1 fir d'Decisioun gesuergt, woumat d'Englänner eng excellent Chance op den Anzuch an d'Finall hunn.

D'Retourmatcher vun den Halleffinalle ginn de 7. Mee gespillt, d'Finall ass de 27. Mee.

Rayo Vallecano - Racing Stroossbuerg 1:0
1:0 Alemao (55')

Schachtar Donezk - Crystal Palace 1:3
0:1 Sarr (1'), 1:1 Ocheretko (47'), 1:2 Kamada (58'), 1:3 Strand Larsen (84')

Back to Top
CIM LOGO