
Zwar gouf ëmmer rëm driwwer spekuléiert an awer war de Comeback vum Manuel Neuer an de Krees vun der däitscher Nationalekipp eng grouss Iwwerraschung. De 40 Joer ale Golkipp ass no der EM am eegene Land 2024 zeréckgetrueden, huet dëst Joer awer op en Neits mat staarke Prestatiounen notamment an der Champions League op sech opmierksam gemaach. Seng Successioun no der Europameeschterschaft sollt u sech de Marc-André Ter Stegen untrieden, de Spiller vum FC Barcelona war awer quasi déi ganz Saison blesséiert.
Dofir stoung den Oliver Baumann, och an der WM-Quali zweemol géint Lëtzebuerg, tëscht de Pottoen. De Golkipp vun der TSG Hoffenheim war am Mäerz bei de leschte Lännermatch-Rendez-vousen als kloer Nummer 1 definéiert ginn, kuerz virum Turnéier huet sech den däitschen Nationaltrainer Julian Nagelsmann awer fir de Manuel Neuer entscheet. De fréiere Lëtzebuerger Nationalgolkipp Ralph Schon dréckt deenen Däitschen op der Weltmeeschterschaft d'Dommen an hie fënnt, datt et déi richteg Decisioun ass.
"Fir mech ass den Neuer dee Beschten, dofir muss hien och spillen. Dat ass natierlech net einfach fir de Baumann, mee Fussball ass e Leeschtungssport. Am Endeffekt spillt dee Beschten. Wann de Baumann wéilt spillen, da misst hien haut besser si wéi den Neuer, wat jo leider net de Fall ass. Also fannen ech et normal, datt den Neuer spillt. Ech fannen et awer gutt, datt de Baumann sech bereet erkläert huet, fir awer dobäi ze sinn. Och am Fall vun de Fäll, wou ee gebraucht gëtt, ass hie prett, fir ze spillen, well hien och ee ganz gudde Golkipp ass."
Net réischt wéinst der Decisioun ëm de Manuel Neuer, mee och wéinst onglécklechen Aussoe steet den däitschen Nationaltrainer Julian Nagelsmann ëmmer rëm an der Kritik. Ënner anerem deplacéiert Commentairë géintiwwer dem Deniz Undav am Mäerz, wéi och déi ëffentlech Kritik u verschidde Choixe fir de Kader, huet den DFB-Coach ze managen. Dem 38 alen Nagelsmann gëtt virun allem déi schlecht Kommunikatioun virgehäit.
"Ech mengen, datt den Nagelsmann sech déi lescht Zäit net ëmmer gutt verkaf huet. Hien huet verschidde Saache gesot, déi ee sou net hätt däerfe soen. Hie schwätzt heiansdo méi séier, wéi hien iwwerleet. Wann ech elo zeréckdenken un dat mam Undav, dat sinn einfach ganz onglécklech Saachen, déi hien ugräifbar maachen, well den däitschen Nationaltrainer ass ëmmer ee Posten, iwwer dee vill geschwat gëtt, wou all Mënsch driwwer schwätzt, zemools déi däitsch Medie si ganz sauer. Ech fannen och, datt si immens vill Onrou virum Turnéier schafen, amplaz emol alles e bësse méi roueg ze behalen. Och seng Kommunikatioun par rapport zum Golkipp kënnt alles net grad ganz souverän eriwwer. Mee bon, ech fannen et gëtt och ganz vill vun den däitsche Medien do opgebauscht a si maache sech selwer kee Gefalen. Si hunn dat gär an et ass am Endeffekt méi negativ wéi positiv."
De Ralph Schon, deen aktuell beim FC AS Housen an der 1. Divisioun am 1. Bezierk am Gol steet, denkt donieft, datt sech Frankräich um Enn den drëtte WM-Titel séchert an datt Éisträich eng vun den Iwwerraschungen op der Weltmeeschterschaft kéint ginn. Wat de Grupp E mat Däitschland, der Côte d'Ivoire, Ecuador a Curaçao denkt de 36 Joer ale fréieren Nationalgolkipp, datt déi däitsch Géigner zwar ze packen, trotzdeem awer net ze ënnerschätze sinn.
"Ech denken, datt déi Däitsch um Pabeier eng machbar Grupp hunn. Mee si mussen awer oppassen, well d'Côte d'Ivoire an och Ecuador sinn zwou Ekippen, déi net angeneem ze spille sinn, och mat Individualitéiten, wéi dem Moises Caicedo oder dem Yan Diomande. Dat sinn ëmmer Spiller, mat Ekippe mat vill Vitess, mat vill Spillwitz a guddem Dribbling. Zu Curaçao kann ech lo näischt dozou soen. Ech hoffen, datt si (déi Däitsch) sech d'Liewen net ze schwéier maachen, mee et gëtt egal wéi net einfach. Mee am Prinzip misste si dee Grupp als Éischten ofschléissen, mee dat weess een haut awer ni."
D'Côte d'Ivoire an Ecuador sinn zwou Ekippen, déi sech scho méi dacks fir d'Futtball-WM qualifizéiert hunn. Fir Curaçao ass et dogéint déi éischt Participatioun bei enger Weltmeeschterschaft. De Kader ass relativ onbekannt. Mam ënner anerem dem Armando Obispo vum PSV Eindhoven, dem Tahith Chong vu Sheffield United an dem Jearl Margaritha vum SK Beveren, dem Co-Equipier vum Kapitän vun de Roude Léiwe Laurent Jans, huet Curaçao vereenzelt Spiller, déi op engem gudden internationalen Niveau spillen.
Bei der Côte d'Ivoire an Ecuador heeschen déi grouss Staren nieft dem Yan Diomande a Moises Caicedo dogéint Amad Diallo, Evan Dicka oder Elye Wahi respektiv Pervis Estupinan, Joel Ordonez oder Jeremy Arévalo.
