Successeur vum Yannick KakokoPedro Resende gëtt fir déi 3. Kéier Trainer vum FC Déifferdeng 03

Sam Rickal
Et gouf laang spekuléiert an elo ass et offiziell. De Coupe-Gewënner aus dem nationale Futtball huet den neien Trainer e Mëttwoch offiziell annoncéiert.
De Pedro Resende ënnerschreift fir déi 3. Kéier beim FCD03.
De Pedro Resende ënnerschreift fir déi 3. Kéier beim FCD03.
© RTL-Archiv

Den 49 Joer ale Portugis souz schonn tëscht 2021 an 2022, wéi och tëscht 2023 an 2025 op der Déifferdenger Trainerbänk a konnt ënner anerem a senger zweeter Amtszäit 2024 den éischten Déifferdenger Championstitel an der Veräinsgeschicht zanter der Fusioun am Joer 2003 feieren. 2025 war den Doublé aus Championnat a Coupe dunn d'Kiischt um Kuch.

De leschte Summer hat hie bei Dynamo Budweis an der zweeter Divisioun an Tschechien ënnerschriwwen a stoung do bis de Mäerz dëst Joer an der Responsabilitéit.
Domadder iwwerhëlt de Pedro Resende d'Successioun vum Yannick Kakoko, deen d'lescht Woch am géigesäitegen Accord fräigestallt gouf.

Back to Top
CIM LOGO