
E Samschdeg den Owend ëm 20:00 Auer spillt déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp e Frëndschaftsmatch zu Tirana an Albanien. E Freideg de Mëtteg huet sech d'FLF-Selektioun mam Fliger op d'Rees gemaach.
Ëm 18:00 Auer stoung déi obligatoresch Pressekonferenz am Stade "Arena Kombëtare" um Programm an do huet de Jeff Strasser Verschiddenes annoncéiert. De Mathias Olesen ass krank an ass dowéinst net mat op Tirana gereest.
Positiv Nouvelle gouf et donieft awer och. Nodeems den Aiman Dardari den Ofschlosstraining virum Match géint Italien huet missen ofbriechen, ass de Spiller, deen an der Réckronn bei Greuther Fürth ausgeléint war, fit a ka géint Albanien spillen.
Des weideren huet den Nationaltrainer Jeff Strasser annoncéiert, datt den Tiago Pereira géint Albanien vun Ufank un tëscht de Pottoe steet.