Braga huet géint Freiburg keng Zäit verluer an ass schonn no 8 Minutten duerch den Tiknaz a Féierung gaangen. Ma och d'Freiburger Äntwert sollt net laang op sech waarde loossen, soudass de Grifo an der 16. Minutt no engem Ballverloscht vun de Portugisen egaliséiere konnt. An der Suite war et eng ausgeglache Partie, där awer déi grouss Golgeleeënheete gefeelt hunn. Kuerz virun der Paus gouf et dunn no engem Foul vom Lienhart Eelefmeter fir Braga, den Atubolu am Freiburger Gol konnt dem Zalazar säi prezise Schoss awer staark ofwieren. An den zweete 45 Minutten hat Braga dunn däitlech méi vum Ball, ma am leschten Drëttel ass awer bei béiden Ekippen wéineg zesummegelaf. An der Nospillzäit huet den Atubolu dunn ee Schoss vu Braga no vir ofgewiert, wou den Dorgeles goldrichteg stoung a fir de Lucky Punch suerge konnt. Mam Score vun 2:1 sollt d'Partie dunn och op en Enn goen.
Och am engleschen Duell tëscht Nottingham Forest an Aston Villa hunn d'Spectateuren ee Match op Aenhéicht gesinn. An den éischte 45 Minutten hat de Jesus op Säite vun den Haushären déi bescht Occasioun op d'Féierung, hien ass awer um Martinez am Gol vun de 'Villans' hänke bliwwen. No enger knapper Stonn hat de Watkins eng grouss Chance op d'Féierung fir d'Gäscht, ma och hien ass net laanscht de Golkipp Ortega komm. An der 71. Minutt gouf et no VAR-Interventioun dunn en Handeelefmeter fir Nottingham, deen de Wood äiskal zum 1:0 verwandelt huet. D'Gäscht hunn et an der Schlussphas wuel nach probéiert, et sinn awer keng gutt Geleeënheete méi dobäi erausgesprongen.
D'Retourmatcher ëm den Ticket fir d'Finall ginn de 7. Mee gespillt. D'Finall vun der Europa League ass den 20. Mee.
Sporting Braga - SC Freiburg 2:1
1:0 Tiknaz (8'), 1:1 Grifo (16'), 2:1 Dorgeles (90+2')
Nottingham Forest - Aston Villa 1:0
1:0 Wood (71', Eelefmeter)
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Europa League ze kommen.