No Ofsetzung vun enger RiichterinNeie Prozess ëm Doud vum Maradona huet ugefaangen

RTL mat AFP
Siwe Persounen, déi den argentinesche Futtballstar viru sengem Doud betreit haten, musse sech op en Neits veräntweren.
Neie Prozess ëm den Doud vum Maradona
© AFP

Zu San Isidro, nërdlech vun der argentinescher Haaptstad Buenos Aires, gëtt de Prozess ëm den Doud vum Diego Armando Maradona nei opgerullt. Siwe Persounen, dorënner Dokteren, Psychiater, Psychologen an Infirmieren, wäerte wärend dräi Méint zu den Ëmstänn vum fréiere Futtballstar sengem Doud befrot ginn a musse sech veräntweren. Donieft solle ronn 120 weider Zeie gehéiert ginn. Am Fall vun enger Verurteelung dréit den Ugeklote Prisong tëscht 8 a 25 Joer.

Bei der éischter Unhéierung um Dënschdeg waren nieft dem Maradona senger fréierer Partnerin Veronica Ojeda och seng dräi Duechteren Dalma, Gianninna a Jana am Geriichtssall present. En Affekot vun der Defense huet an engem éischten Debat gefrot, fir de ganze Prozess live op der Tëlee z’iwwerdroen, an net just den éischten an de leschten Dag. Déi dräi zoustänneg Riichter hunn d’Demande awer refuséiert, well d’Transparenz am Fall egal wéi geséchert wier.

En éischte Prozess war annuléiert ginn

Zwou Wochen no enger Operatioun um Gehier war den Diego Armando Maradona de 25. November 2020 gestuerwen. Offiziell Doudesursaach ware laut Obduktioun en Häerzinfarkt an e Longenödem. Dem medezinesche Staff, vun deem den argentinesche Futtballstar an engem vun him gelounten Haus betreit gi war, war duerno graff Noléissegkeet bei der Behandlung vum Patient virgehäit ginn.

Déi Beschëllegt hunn d’Reprochen ëmmer zréckgewisen. Hir Verdeedeger bleiwe bei der Ausso, dass de Maradona, no jorelaangem Alkohol- an Drogemëssbrauch en natierlechen Doud gestuerwe wier. D’lescht Joer am Mee war en éischte Prozess no zwee an engem hallwe Mount laange Verhandlunge mat villen Zeienaussoe geplatzt. Hannergrond war e Skandal ëm d’Riichterin Julieta Makintach, déi no Virwërf vu Befaangenheet hat mussen zrécktrieden.

D’Riichterin war bedeelegt gewiescht un engem Dokumentarfilm iwwert de Fall an doduerch an d’Kritik geroden. Argentinesch Medien hate Filmmaterial verëffentlecht, an deem d’Riichterin offensichtlech bei engem Interview am Geriichtssall ze gesinn ass, obwuel Opnamen do ausdrécklech verbuede waren.

Den neie Prozess soll elo op d’mannst bis an de Juli eran daueren.

Back to Top
CIM LOGO