
Dat mexikanescht Schouljoer soll 40 Deeg méi fréi op en Enn. De Bildungsminister Mario Delgado huet déi Entscheedung mat erwaarten Hëtztwellen a mat der Futtball-WM begrënnt, déi den 11. Juni wäert ufänken. Deemno soll de 5. Juni a Mexiko d'Summervakanz ugoen.
Déi mexikanesch Presidentin Claudia Sheinbaum huet gemengt, dass et nach keen Zäitplang géif ginn an dass et bis elo just e Virschlag vum Delgado wier. Et wier wichteg, datt d'Kanner keen Unterrecht verpasse géingen. Vun engem fréizäitegen Enn vum Schouljoer wiere gutt 23,4 Millioune Schoulkanner betraff. Verschidden Instituter an Organisatioune warne viru Bildungsdefiziter an Ongläichheeten, déi duerch esou eng Decisioun nach weider kéinte verstäerkt ginn.
D'Autoritéite vum westleche Bundesstaat Jalisco hu schonn annoncéiert, sech net un eng eventuell Decisioun vun der Regierung halen ze wëllen an d'Schoulen, wéi gepangt, bis den 30. Juni opzeloossen. Den Unterrecht géing just wärend deene véier Deeg ausgesat ginn, op deenen zu Guadalajara WM-Matcher gespillt ginn.
Déi mexikanesch Rentrée ass fir den 31. August virgesinn. Sollt d'Summervakanz wierklech no vir gezu ginn, wäert deementspriechend och den Ufank vum neie Schouljoer méi fréi sinn.