Futtball: WM-QualifikatiounLëtzebuerger Damme verléieren 1:3 géint Israel

RTL Lëtzebuerg
Trotz engem fréie Féierungsgol vum Kimberley Dos Santos konnt Israel de Match nach dréinen. D'Rout Léiwinne mussen also weider op en éischte Punkt waarden.
© RTL.lu (Screenshot)

E Samschdeg den Owend stoung am BSC Stadium zu Budaörs an Ungarn den zweete WM-Qualifikatiounsmatch géint Israel um Programm, wou d’Lëtzebuerger Dammennationalekipp sech trotz enger 1:0-Féierung mat 1:3 huet misse geschloe ginn.

Anescht wéi nach am éischte Match géint Israel waren d’Rout Léiwinne gutt an de Match gestart a konnten no siwe Minutte souguer a Féierung goen. D’Hannah Dietrich hat de Ball am Strofraum zréck op dat fräit Kimberley Dos Santos geluecht, dat vun do aus de Ball erageschoss huet. All ze laang sollt d’Lëtzebuerger Freed awer net unhalen, wéi nëmmen zwou Minutten drop d’Vital Kats no engem laange Ball no vir duerch d’Been vun der Lucie Schlimé am Gol op 1:1 gestallt huet. Fir eng Zäit laang ass et duerno de Roude Léiwinne gelongen, um Match deelzehuelen. Kuerz virun der Paus war et dann awer fir d’éischt en Distanzschoss vum Vital Kats an dann nach e Gol no engem Lëtzebuerger Ballverloscht, wouduerch et mat engem 1:3-Réckstand an d’Vestiairë gaangen ass.

Fir d’zweet Hallschent ass et ouni d’Kapitänin Laura Miller weidergaangen. D’Lëtzebuerger Ekipp konnt sech hanne stabiliséieren, huet sech awer schwéier gedoen, offensiv geféierlech Chancen ze kreéieren. An engem relativ ausgeglachene Match war et viru béide Goler awer gréisstendeels roueg bliwwen. Bis zum Schluss sollt sech um Score näischt méi änneren a sou ass et bei enger 1:3-Defaite fir Lëtzebuerg géint Israel bliwwen.

An der Tabell steet Lëtzebuerg also weiderhin ouni e Punkt op der leschter Plaz. Weider geet et de 5. Juni an den 9. Juni mat den zwee leschte Matcher géint d’Belsch.

Back to Top
CIM LOGO