Lëtzebuerg huet de Frëndschaftslännermatch géint Albanien e Samschdeg den Owend mat 1:0 gewonnen. Zu Tirana war et ee fréie Gol vum Danel Sinani no enger staarker Virlag vum Aiman Dardari an der 8. Spillminutt, deen um Enn den Ënnerscheed gemaach huet. Albanien war deels zwar besser am Match a virun allem an den éischte 45 Minutte méi dacks virun de géigneresche Gol komm, ma d'Rout Léiwe waren op dësem Owend déi méi effektiv Ekipp a konnten d'Féierung duerch eng gutt zweet Hallschent iwwer d'Zäit bréngen.
De Jeff Strasser huet seng Ekipp mat e puer Ännerungen am Verglach zum Frëndschaftslännermatch géint Italien an de Match zu Tirana geschéckt. Den Aiman Dardari war no senger liichter Blessure nees dobäi an eng Première an der Starteelef gouf et vum jonken Enzo Duarte. Och am Gol stoung net méi den Anthony Moris, ma den Tiago Pereira tëscht de Pottoen.
Albanien huet virun den eegene Spectateure vun Ufank un den Zuch zum Gol gesicht, ma Lëtzebuerg huet an der 8. Spillminutt direkt déi éischt Chance fir sech genotzt. No enger staarker Eenzelaktioun huet den Aiman Dardari de Ball zréck op de fräien Danel Sinani geluecht, deen de Ball dann an de laangen Eck fir den 1:0 erasetze konnt.
No der Féierung haten d'Rout Léiwen e puer Ongenauegkeeten an hirem Spill, wärend d'Lokalekipp et weider probéiert huet. Ee staarken Distanzschoss vum Asllani konnt den Tiago Perreira awer gutt halen. No enger ausgeglachener Phas ouni grouss Héichpunkte sinn d'Albaner da kuerz virun der Paus nees liicht besser ginn. Si konnten den Drock op de Lëtzebuerger Gol relativ héich halen an en Ausgläichsgol wier net onverdéngt gewiescht. Trotzdeem konnten d'Rout Léiwen déi 1:0-Féierung an d'Paus bréngen.
Fir déi zweet Hallschent huet de Jeff Strasser dann dräi Mol gewiesselt. De Florian Bohnert, Enes Mahmutovic an Edvin Muratovic hunn de Laurent Jans, Mica Pinto an den Enzo Duarte ersat. Lëtzebuerg war elo liicht besser am Match wéi nach virum Säitewiessel an hat selwer nees déi eng oder aner Chance op en zweete Gol. Den Danel Sinani hat an der 62. Minutt mat engem prezise Schoss iwwert de Buedem den albanesche Golkipp Sherri op d'Prouf gestallt, deen de Ball nach aus dem Eck kraze konnt.
An der Schlussphas huet de Jeff Strasser nach eemol seng Wiessel genotzt an et huet ee gespuert, datt Albanien den Ausgläich nach onbedéngt schéisse wollt. D'Lëtzebuerger Defense huet awer gutt gehalen an den Tiago Pereira konnt säi Gol bis zum Schluss propper loossen, sou datt et beim knappen 1:0-Succès bliwwen ass.