Den Iwwerbléck vum internationale FuttballD'Bayern iwwerrennen Hoffenheim, Liverpool verléiert géint ManCity

RTL Lëtzebuerg
Leipzig huet sech zu engem 2:1 géint Köln geziddert. Inter Mailand huet Sassuolo keng Chance gelooss an huet weider eng komfortabel Avance als Tabellenéischten.
Bayern Munich's Colombian forward #14 Luis Diaz (R) celebrates scoring the 4-1 during the German first division Bundesliga football match between FC Bayern Munich and TSG 1899 Hoffenheim in Munich, southern Germany on February 8, 2026. (Photo by Alexandra BEIER / AFP) / DFL REGULATIONS PROHIBIT ANY USE OF PHOTOGRAPHS AS IMAGE SEQUENCES AND/OR QUASI-VIDEO
© AFP

Bundesliga

Köln - Leipzig 1:2
0:1 Baumgartner (29'), 1:1 Thielmann (51'), 1:2 Baumgartner (56')

Köln verpasst mat dëser Néierlag de Sprong an déi éischt Tabellenhallschent, fir Leipzig sinn et wichteg Punkten, fir uewen drun ze bleiwen. Et war laang kee schéine Match am Müngersdorfer Stadion, an den 1:0 ass no engem Fräistouss gefall. An där Phas hat Leipzig déi besser Akzenter. Köln konnt no der Paus séier ausgläichen, mee deen huet just 5 Minutte gehalen, éier de Baumgartner mat sengem zweete Gol geäntwert huet. Uschléissend huet den Effzeh gedréckt an hätt no engem Handspill eigentlech missen en Eelefmeter zougesprach kréien. De Pëff vum Arbitter blouf awer aus. Um Enn muss Leipzig frou sinn, als Gewënner vum Terrain ze goen.

Bayern München - Hoffenheim 5:1
1:0 Kane (20', Eelefmeter), 1:1 Kramaric (35'), 2:1 Kane (45', Eelefmeter), 3:1 Luis Diaz (45'+2), 4:1 Luis Diaz (62'), 5:1 Luis Diaz (89')

An engem rasante Match, dee keng 20 Minutten al war, goung et direkt héich hier. No engem Foul vum Akpoguma krut dësen déi Rout Kaart gewisen a Bayern en Eelefmeter zougesprach, deen de Kane verwandelt huet. Trotz der Ënnerzuel konnt Hoffenheim den Ausgläich markéieren, deen awer net bis an d’Paus gehalen huet, well München en zweeten Eelefmeter krut. Nom Kane sengem zweete Gol huet den Diaz nach een drop gesat a Bayern goung mat engem komfortabele Virsprong an d’Kabinnen. Spéitstens nom véierte Gol fir de Rekordmeeschter war de Match gelaf. Kuerz viru Schluss huet de Kolumbianer Diaz nach säin drëtte Gol vum Owend markéiert. Bayern München huet domat nees 6 Punkte Virsprong op den éischte Verfollger Dortmund.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Liverpool - Manchester City 1:2
1:0 Szoboszlai (74'), 1:1 Bruno Silva (84'), 1:2 Haaland (90'+3, Eelefmeter)

Am Spëtzematch vum 25. Spilldag goung et tëscht Liverpool a Manchester City héich hier, mee vill Golchancë kruten d’Spectateuren am éischten Duerchgang net ze gesinn. Dat sollt sech nom Säitewiessel awer änneren. An enger Liverpooler Drangphas ass dem Reds den éischte Gol vum Match mat engem direkte Fräistouss gelongen. Zéng Minutte méi spéit konnt ManCity ausgläichen. D’Verlängerung huet 14 Minutte gedauert an an dëser huet de Liverpooler Golkipp en Eelefmeter verursaacht, deen den Haaland äiskal genotzt huet. D’Skyblues bleiwen domat sechs Punkten hanner dem Tabelleleader Arsenal, Liverpool muss weider Punkte sammelen, fir nach op d’Europa-Coupe-Plazen ze kommen.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

Sassuolo - Inter Mailand 0:5
0:1 Bisseck (11'), 0:2 Thuram (28'), 0:3 Lautaro Martinez (50'), 0:4 Akanji (53'), 0:5 Luis Henrique (88')

E Match, an deem et Golchancen en masse gouf, geet mat enger klorer Victoire fir Inter Mailand op en Enn. Dobäi waren net nëmmen d’Nerazurri geféierlech virum Gol, mee och Sassuolo. D’Lokalekipp hat souguer den Ausgläich markéiert, mee dee gouf vum VAR wéinst Abseits oferkannt. No den zwee séiere Goler nom Säitewiessel war d’Hoffnung vu Sassuolo op den Ausgläich séier verflunn an de Match. Och de Golkipp vu Sassuolo huet bei de Goler matgehollef. Inter Mailand huet weiderhin aacht Punkte Virsprong op de Lokalrival AC Mailand.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Nice - Monaco 0:0

Le Havre - Stroossbuerg 2:1
1:0 Zagadou (26'), 1:1 Godo (36'), 2:1 Soumaré (54')

Le Havre erkämpft sech wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig. Fir Stroossbuerg war et déi zweet Néierlag hannerteneen. D’Elsässer hunn awer nach ëmmer Kontakt zu den internationale Plazen.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Atlético Madrid - Betis Sevilla 0:1
0:1 Antony (28')

Mat der Néierlag géint den Tabellefënnefte Sevilla verléiert Atlético Madrid weider den Uschloss un de Spëtzenduo FC Barcelona a Real Madrid. Et war déi véiert Defaite fir d’Ekipp vum Diego Simeone an dëser Saison. Fir Betis war et déi zweet Victoire hannerteneen, woumat si hir fënneft Plaz festegen.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO