10 Joer nom englesche ChampionstitelLeicester City steigt an déi 3. Divisioun of

Sam Rickal
2016 konnte sech d'"Foxes" iwwerraschend d'Meeschterkroun opdinn. Ee Joerzéngt méi spéit steigt d'Ekipp aus den englesche Midlands fir déi zweete Kéier an déi 3. Divisioun of.
(FILES) Leicester City's Italian manager Claudio Ranieri (C) and Leicester City's English defender Wes Morgan hold up the Premier league trophy after winning the league and the English Premier League football match between Leicester City and Everton at King Power Stadium in Leicester, central England on May 7, 2016.
Virun 10 Joer hunn den Trainer Claudio Ranieri a säi Kapitän Wes Morgan den engleschen Championstitel zesumme gefeiert. 2026 steigt Leicester City an déi 3. Divisioun of.
© AFP (Archiv)

Mat ënner anerem Spiller wéi dem Jamie Vardy, dem N'Golo Kanté an dem Riyad Mahrez hat Leicester City 2016 d'Sensatioun fäerdeg bruecht a gouf fir déi éischt a bis elo eenzeg Kéier englesche Champion. An der Suite konnte sech d'"Foxes" nach 2021 déi englesch Coupe an 2022 den englesche Supercup sécheren. Duerno war de grousse Succès beim Veräin aus den englesche Midlands awer ausbliwwen.

2023 den Ofstig aus der Premier League, deen zwar duerch den direkte Comeback an déi 1. Divisioun ee Joer méi spéit korrigéiert gouf. Ma an der ieweschter englescher Divisioun ass Leicester nëmmen eng Saison bliwwen, bis dann eeben 2026 den Ofstig an déi 3. Divisioun, och genannt League One, feststoung.

Duerch den 2:2-Remis en Dënschdeg doheem géint Hull City war de Maintien zwee Spilldeeg viru Schluss net méi ze realiséieren. Grond fir den Ofstig ass nieft sportleche Feelentscheedungen och ee Verstouss géint finanziell Reegelen. De Veräin soll verschiddene Medien no bannent 3 Saisone ronn 230 Milliounen Euro Schold gemaach hunn. Leicester City hat doropshi 6 Punkten ofgezu kritt.

Den Ofstig an d'"League One" war allerdéngs zanter Méint viraus ze gesinn. Vun deene leschten 18 Matcher am Championnat konnt Leicester City, déi nom Ofstig aus der Premier League 2025 quasi hire ganze Kader zesummegehalen hunn, nëmmen eng Partie gewannen.

E groussen Deel vun de Supporter protestéieren zanter Méint géint de Club-Boss Aiyawatt Srivaddhanaprabha, deen och schonn 2016 zesumme mat sengem Papp Vichai d'Soen hat, wéi Leicester City iwwerraschend Champion gi war.

Back to Top
CIM LOGO