Lëtzebuerger Futtballer am AuslandLaurent Jans bréngt Saison mat Beveren ouni Defaite op en Enn

RTL Lëtzebuerg
An der zweeter belscher Liga ass déi regulär Saison schonn eriwwer, no där Beveren mam Kapitän Jans schonn als sécheren Opsteiger feststeet.
Laurent Jans (Archivbild)
© KRISTOF VAN ACCOM BELGA MAG BELGA VIA AFP 23102025

Fir de Laurent Jans gouf et mat Beveren de perfekten Ofschloss vun der Saison. Duerch eng 2:1-Victoire um leschte Spilldag géint Seraing um Freidegowend ass et der Ekipp gelongen, déi ganz Saison ouni eng eenzeg Defaite ze bleiwen. Eng Première an der Challenger Pro League. Scho virun e puer Wochen hat Beveren mam Lëtzebuerger Kapitän den Opstig an d’Éischtklassegkeet perfekt gemaach a kuerz drop och de Championstitel gefeiert.

An der 1. Bundesliga war e Freideg den Owend dann och nach den Danel Sinani am Asaz. Mam Lëtzebuerger an der Starteelef gouf et um Enn mat engem 1:1-Remis doheem géint Köln ee Punkt. An der 69. Minutt war duerch de Mets de Féierungsgol gelongen, ma kuerz viru Schluss huet en Eelefmeter vum Waldschmidt de Score nees egaliséiert. An der Tabell huet Pauli domat verpasst, vun der Relegatiounsplaz méi no op eng sécher Plaz ze sprangen a sech gläichzäiteg och weider vun enger direkter Ofstigsplaz ze léisen.

En 1:1 gouf et och fir de Grazer AK mam Mathias Olesen an der Starteelef géint den SV Ried. An den Ofstig-Playoffs bleift de Club vu Graz mat siwe Punkte weider op sécherer Distanz vun enger Ofstigsplaz an huet souguer nach mat engem Punkt Réckstand gutt Chancë fir eng méiglech Plaz an der Qualifikatioun vun der UEFA Conference League.

Back to Top
CIM LOGO