
De Lars Gerson vun der UN Käerjeng huet fir eis de Grupp F ënner d'Lupp geholl. Fir den 100-fachen Nationalspiller gëtt et ee klore Favorit an e kloren Outsider. Dotëscht leien zwou Natiounen, déi sech, senger Meenung no, ëm déi zweet Plaz am Grupp wäerte streiden.

Virun allem d'Mëttelfeld vun Holland ass top a brauch sech vun der Qualitéit hir net géint Spuenien oder Portugal ze verstoppen. Do kënne Matcher reng iwwer den Tempo decidéiert ginn. Och wann de Virgil van Dijk keng sou eng gutt Saison hat, spillt d'Defense vun den Hollänner trotzdeem op engem héije Niveau. Déi grouss Fro: Huet Oranje an de grousse Matcher genuch Qualitéit virum Gol? Ob e Memphis Depay, deen entretemps a Brasilien spillt, eleng duergeet fir se an eng Finall ze schéissen, stellt de Lars Gerson op d'mannst mol a Fro.
Tunesien ass fir de 36 Joer alen Defensivspiller déi schwächsten Ekipp am Grupp. an awer soll een d'Afrikaner net ënnerschätze mat hirer gudder Defense an hirer klorer Struktur. D'Mëttelfeld ass international erfueren, sou datt Tunesien keen einfache Géigner wäert sinn. Offensiv wäerten se wuel net staark genuch sinn, dofir wäert et schwéier gi fir weider ze kommen.
De Lars Gerson huet 9 Joer a Schweden gespillt. Awer net nëmmen dowéinst sinn d'Skandinavier fir hien interessant. Et leeft do de Moment net esou, wéi et soll sinn. No der WM-Qualifikatioun ouni Victoire hat den Trainer Jon Dahl Tomasson musse goen. Mam Graham Potter op der Bänk ass iwwer de Wee vun der Nations League nei Energie fräigesat ginn. Trotzdeem bleiwen eng Partie Froen op. Viru kuerzem ass Schweden an Norwegen 3:1 ënner d'Rieder komm. Fréier hunn d'Skandinavier ëmmer 4-4-2 gespillt, entretemps sinn et awer aner Systemer an d'Ekipp ass deementspriechend nach net richteg agespillt. Hoffnung op Goler maachen déi staark Stiermer Isak a Gyökeres.
Japan kënnt mat vill Selbstvertrauen op d'WM, sou de Lars Gerson. D'lescht Joer hate se géint Brasilien gewonnen, lo am Fréijoer konnten d'Asiaten England klappen. Si hunn e gudden Trainer, si pressen an sinn agespillt, et steet vill Erfarung aus der Premier League an der Bundesliga um Terrain, sou datt Japan net z'ënnerschätzen ass. Fir de Gerson komme si op déi zweet Plaz am Grupp, well Schweden net richteg a Form ass an nach kee richtege System huet.
Am Grupp F ass schwéier soen, wie Favorit ass. Am éischte Match wäert scho warscheinlech eng Virentscheedung ëm Plaz 1 am Grupp falen, wann Holland a Japan de 14. Juni zu Dallas openeen treffen.
Holland bréngt wuel déi gréisste spilleresch Qualitéit an international Erfarung mat, sou dass "Oranje" am Prinzip déi éischt Plaz misst maachen. Van Dijk, de Jong, Simons a Co brauche keen ze fäerten. An awer mussen dem Ronald Koeman seng Männer hellwaakreg sinn. Géing et reng dem Maartwäert vun der Ekipp nogoen, hätten d'Hollänner mat 810 Milliounen Euro schonn eng Plaz sécher an der K.O.-Ronn.
D'"Samurai Blue" sinn net z'ënnerschätzen. Schonn 2022, 2018 an 2010 waren d'Japaner iwwer d'Gruppephas erauskomm a sinn ëmmer geféierlech. Op der WM a Katar war et hinne sensationell gelongen, am Grupp mat Spuenien an Däitschland déi éischt Plaz ze maachen. Disziplin, Schnellegkeet an e kämpferescht Kollektiv sinn d'Stäerkte vun den Asiaten.
Tunesien sollt een net aus den Ae verléieren, och wann d'Afrikaner op den zwou leschte Weltmeeschterschafte jeeweils no der Virronn eraus waren an um Pabeier éischter den Aussesäiter vum Grupp sinn. 2022 war Tunesien nëmme knapps net an d'Aachtelsfinalle komm an haten duerchaus e staarken Androck hannerlooss.
Iwwert de Wee vun der Nations League an dem WM-Play-Off hunn d'Schweeden de Wee awer nach an de Grupp F fonnt an hiren Top-Stiermer Victor Gyökeres vum Champions-League-Finalist Arsenal London wëllt no der erfollegräicher Qualifikatioun sécher och puer WM-Goler schéissen. No den Hollänner hunn d'Schweede mat geschaten 364 Milliounen Euro den zweetdeierste Kader am Grupp.
D'Matcher vum Grupp F wäerten zu Dallas, Monterrey, Houston a Kansas City gespillt ginn.