
Köln - Bremen 3:1
1:0 El Mala (7', Eelefmeter), 2:0 Ache (65'), 2:1 Schmid (75', Eelefmeter), 3:1 Johannesson (90+7')
Zu Köln gouf et fir Bremen direkt eng kal Dusch. No engem Feeler um Kaminski huet den Abitter op de Punkt gewisen. Den El Mala konnt den Eelefmeter souverän eraschéissen. D’Gäscht hunn an der Suite d’Heft an d’Hand geholl a sech eng Rei méi kleng Chancen erausgespillt. Et koum awer nach méi déck fir Werder. No 24 Minutte gouf de Friedl mat enger rouder Kaart an d’Kabinne geschéckt. Köln war an der Suite déi besser Ekipp a konnt de Virsprong duerch den Ache an der 65. Minutt verduebelen. D’Gäscht hunn net opginn a koumen duerch de Schmid no engem Eelefmeter nach emol op 1:2 erun. An der Schlussphas huet Bremen alles no vir gehäit, Köln konnt eng lescht Konteraktioun am Filet ënnerbréngen. Köln iwwerhëlt Bremen an der Tabell an huet 5 Punkten Avance op d’Relegatiounsplaz. Den Ecart vu Bremen op déi Plaz bleift bei 3 Punkten.
Stuttgart - Hamburg 4:0
1:0 Stiller (21'), 2:0 Führich (32'), 3:0 Mittelstädt (56'), 4:0 El Khannouss (86')
Och fir den zweete Club aus dem Norden gouf et um Sonndeg näischt ze huelen. Stuttgart war iwwer de ganze Match déi besser Ekipp an huet sech duerch Goler vu Stiller, Führich, Mittelstädt an El Khannouss souverän mat 4:0 duerchgesat. Stuttgart ënnersträicht d’Ambitioun fir nächst Joer an der Champions League unzetrieden. Den Ament huet een op der 3. Plaz 4 Punkten Avance op Leverkusen op der 5. Plaz.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga
Crystal Palace - Newcastle 2:1
0:1 Osula (43'), 1:1 Mateta (80'), 2:1 Mateta (90+4', Eelefmeter)
De Jean-Philippe Mateta war de Mann vum Match fir Crystal Palace. De Stiermer konnt de 0:1-Réckstand aus der 42. Minutt net nëmmen egaliséieren, mee huet per Eelefmeter d’Partie fir d’Heemekipp komplett gedréint. Duerch déi Victoire konnt Palace Newcastle an der Tabell esouguer iwwerhuelen.
Sunderland - Tottenham 1:0
1:0 Mukiele (61')
Och mam neien Trainer Roberto de Zerbi leeft et bei Tottenham net gutt. Zu Sunderland gouf eng eng knapp 0:1-Defaite. Den eenzege Gol fir d’Heemekipp konnt de Mukiele markéieren. No 32 Spilldeeg läit Tottenham op der 18. Plaz an domadder op der éischter Ofstigsplaz.
Chelsea - Manchester City 0:3
0:1 O’Reilly (51'), 0:1 Guéhi (57'), 0:3 Doku (68')
D’Spëtzepartie war just eng Hallschent laang spannend, éier ManCity an der 2. Hallschent den Tempo erhéicht huet. Chelsea ass 17 Minutte laang näischt gelongen an huet 3 Goler kasséiert. An der 68. Minutt war d’Partie entscheet. ManCity huet bei engem Match manner just nach 6 Punkte Réckstand op Arsenal un der Tabellespëtzt. Den 19. Abrëll spillen déi 2 Ekippe géinteneen.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League
Parma - Neapel 1:1
1:0 Strefezza (1'), 1:1 McTominay (60')
D’Partie hat fir Neapel schlecht ugefaangen, Parma war no 40 Sekonnen a Féierung gaangen. An der Suite waren d’Gäscht déi dominant Ekipp um Terrain, konnten awer réischt no 60 Minutten ausgläichen. Parma huet hannen net vill zougelooss an um Enn sollt et beim Remis bleiwen. Neapel huet et verpasst, de Retard op den Tabelleleader Inter ze verkierzen. Et huet ee weiderhi 7 Punkte Réckstand.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A
Toulouse - Lille 0:4
0:1 Meunier (23'), 0:2 Perraud (50'), 0:3 Fernandez (55'), 0:4 Giroud (88', Eelefmeter)
E klore Succès gouf et fir Lille zu Toulouse. Den 1:0 war an der 1. Hallschent gefall. Nom Säitewiessel gouf et eng rout Kaart an der 48. Minutt fir de McKenzie vun Toulouse. De Gäscht sinn an Iwwerzuel dräi weider Goler gelongen. An der Tabell steet een domadder op der 3. Plaz.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1