Futtball: WM-QualifikatiounKloer Defaite fir d'FLF-Damme géint Israel

Ted Koob
En Dënschdeg den Owend hunn d'Rout Léiwinnen am BSC Stadium zu Budarös an Ungarn géint Israel gespillt. Um Enn gouf et eng däitlech 0:6-Defaite.
© RTL

Et war déi 3. Partie am Grupp B4 vun der aktueller WM-Qualifikatioun an et gouf deemno déi drëtt Néierlag fir d’Rout Léiwinnen.

Ouni wichteg Spillerinne wéi Laura Miller, Caroline Jorge oder Andreia Machado ass d’FLF-Formatioun net gutt an de Match komm. No 10 Minutten huet d’Lucie Schlimé am Lëtzebuerger Gol eng éischte Kéier missen hannert sech gräifen. D’Vital Kats hat den éischte Gol fir Israel markéiert. D’Rout Léiwinnen hate weiderhi keen Zougrëff an Israel konnt an de Minutten 13 an 18 duerch Noa Selimhodzic a Maayan Ben Israel zwee weider Goler markéieren. An der Suite huet Israel d’Partie geréiert, Lëtzebuerg koum awer besser an d’Partie. Kuerz virun der Paus huet Israel banne 4 Minutten nach zweemol de Wee an de Filet fonnt. Kats a Ben Israel hate markéiert an et goung mam 0:5 aus Lëtzebuerger Siicht an d’Kabinnen.

Nom Säitewiessel konnten d’FLF-Damme besser mam Rhythmus vum Géigner mathalen. De Ball ass méi laang an den eegene Reie gehale ginn an de Géigner konnt sech manner Geleeënheeten erausspillen. Geféierlech virum Gol vun Israel gouf et awer net. Siwe Minutte viru Schluss huet d’Kats mam 3. perséinleche Gol fir d’Schlussresultat gesuergt.

Lëtzebuerg spillt den 18. Abrëll um 18 Auer déi zweet Partie géint Israel. D’Partie gëtt nees zu zu Budarös an Ungarn ugepaff.

Back to Top
CIM LOGO