Et ass offiziellJosé Mourinho zeréck op der Trainerbänk vu Real Madrid

RTL Lëtzebuerg
Laang war driwwer spekuléiert ginn, zanter en Donneschdeg den Owend ass et offiziell: De José Mourinho iwwerhëlt nees bei Real.
José Mourinho
© AFP (Archiv)

En Donneschdeg den Owend huet Real Madrid offiziell matgedeelt, datt een de José Mourinho als neien Trainer engagéiert huet. Wéi et am offizielle Schreiwes heescht, huet den 63 Joer ale Portugis e Kontrakt fir déi nächst dräi Saisone bis den 30. Juni 2029 ënnerschriwwen.

Domadder ass also "The Special One" zeréck an der spuenescher Haaptstad. D'Madrilenen ware scho vun 2010 bis 2013 vum José Mourinho trainéiert ginn a konnten an där Zäit souwuel de spuenesche Championstitel, wéi och d'Coupe an de Supercup gewannen.

Benfica Lissabon hat dës Woch well matgedeelt, dass Real de Portugis fir 15 Millioune kafe géif an datt hien och säin Accord ginn hätt fir e Wiessel. Real ass dem elo fréieren Trainer vum Lëtzebuerger Leandro Barreiro seng 13. Statioun am Profifuttball. Donieft war de véierfachen Trainer vum Joer och scho bei Fenerbahce, der AS Roum, Tottenham, Manchester United, Inter Mailand, Porto an zweemol bei Chelsea a Benfica als Chef-Coach aktiv. Zu Barcelona a beim Sporting war de Mourinho och nach Co-Trainer.

A senger 26 Joer laanger Karriär huet den "The Special One" 26 Titele gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO