
Sou wéi op der Weltmeeschterschaft 2002, wou déi frëschgebake Weltmeeschteren aus Frankräich am éischte Gruppematch iwwerraschend géint Senegal 0:1 verluer hunn, wëll d'Ekipp vum Didier Deschamps dëst Joer net an déi selwecht Fal goen. 2026 zielen d’Fransousen zu de grousse Favoritten op den Titel – mee hir Grupp ass eng vun de schwéiersten, mat Senegal, Norwegen an dem Irak. De Golkipp vu Mondorf Joao Machado weist drop hin, datt dës Grupp vill méi geféierlech ass, wéi vill Leit mengen.
"D’Fransousen haten do och kéinten eng méi einfach Grupp kréien. De Senegal ass eng ganz, ganz staark Natioun, déi hunn och net fir näischt d'CAN gewonnen, oder net gewonnen, si sinn eng grouss Natioun am Futtball. Ech mengen, Norwegen gëtt d'Iwwerraschung vum Tournoi. Da kéint den Irak d'Grupp vläicht och entscheeden. Déi Grupp ass scho spannend, se ass komplizéiert a serréiert," seet de Machado. Hien ass iwwerzeegt, datt d'Fransousen zwar déi bescht Ekipp an der Grupp sinn, mee et gëtt keng einfach Matcher.
"D'Qualitéit zielt zumools op sou engem Niveau, mä natierlech d'Déift vum Kader och. Ech mengen, wann een d'Fransouse kuckt, egal wie si opstellen, och d'Ersatzspiller, dat ass eng Stammekipp vun enger anerer Natioun. D'Mentalitéit wäert och vill ausmaachen, wann eng oder di aner Ekipp ausrutscht, wann ee Gläichspill an engem Match ass, dee si hätte solle gewannen, wéi si drop reagéieren. Wéi d'Spiller ënnertenee sinn, ass och wichteg, wien zesumme kann halen, duerch Déiften an Héichten, dee ka wäit kommen.”
Fir Frankräich kéint dëse Gruppegeescht besonnesch wichteg ginn. De Kylian Mbappé ass rezent an d'Kritik geroden, nodeems hien a Spuenien als “Diktator” an de soziale Medien diffaméiert gouf. Ob seng Perséinlechkeet d'Ekipp spléckt, bleift ofzewaarden. Den Deschamps muss aus enger Rëtsch vu Staren, dorënner Michael Olise, Ousmane Dembélé, Rayan Cherki an Desiré Doué, eng funktionéierend Ekipp zesummestellen. Frankräich huet Talent am Iwwerfloss, mee de Gruppegeescht an d’Roll vum Trainer kéinten entscheedend ginn, och well de franséische Kader bei groussen Turnéieren net fir d'éischte Kéier fir Kontroverse suergt.
De Machado hält nach eemol fest: "Dës Grupp ass méi schwéier, wéi d'Leit mengen. Norwegen huet eng top Qualifikatioun gespillt, Senegal ass ëmmer geféierlech – eng Weltmeeschterschaft ass ëmmer speziell an déi Grupp ass vill méi geféierlech, wéi puer Leit et am Kapp hunn.”
Frankräich ass am Grupp I zesumme mat Senegal, Norwegen an dem Irak.
Trotz enger ëmstriddener Victoire am Afrika-Cup huet de Senegal bewisen, datt si zu de beschten Natiounen um afrikanesche Kontinent gehéieren. Virop stécht de Kapitän Sadio Mané eraus, ënnerstëtzt vum Nicolas Jackson (Bayern München), deen trotz wéineg Spillzäit an der Bundesliga 11 Goler geschoss huet, a vum Ilimane Ndiaye, dee mat senge Fäegkeeten d’Premier League bei Everton beandrockt huet.
D’Lions of Terranga kënne sech op eng stabil Achs verloossen. Am Goal steet den Edouard Mendy, an der Verteidegung de Kalidou Koulibaly (béid fréier Chelsea), am Mëttelfeld spillen den Idrissa Gana Gueye (Everton) an de Pape Matar Sarr (Tottenham). Frësche Wand bréngen och déi jonk Ibrahim Mbaye (PSG) a Bara Ndiaye (Bayern München) an de Kader, déi och als Joker fir nei Dynamik kënne suergen. Fir vill Spiller aus dësem Kader kéint et déi lescht Weltmeeschterschaft ginn. Si wëllen op d'mannst dat erreechen, wat d'2002er-Ekipp mat der Véierelsfinall gepackt hat.
Fir de Joao Machado ass Norwegen d'Iwwerraschungsekipp. Datt den Erling Haaland eng Goolmaschinn ass, weess jiddereen, mee och hannendru stinn technesch staark Spiller. De Kapitän Martin Odegaard (Arsenal), trotz Verletzungen dës Saison nëmme 1 Goal a 6 Assists, de Sander Berge an den Oscar Bobb (Fulham) hunn eng gutt Saison an der Premier League gespillt.
Den Antonio Nusa (RB Leipzig), dacks als "norwegeschen Neymar" bezeechent, huet an der Qualifikatioun mat engem 4:1 géint Italien op sech opmierksam gemaach. Och de Schelderup (Benfica) ass eng interessant Optioun am Mëttelfeld. Vergiesse soll een och net den Alexander Sorloth (Atletico Madrid), deen dacks nieft dem Haaland stiermt.
An der Verdeedegung feele vläicht grouss Nimm, mee si hu just 5 Goler an der Qualifikatioun zougelooss. Mat hirer éischter WM-Qualifikatioun zënter 1998 ass d'Land am Futtballféiwer – dës Ekipp dierf een net ënnerschätzen.
Wärend d'Opmierksamkeet an der Grupp virun allem op Frankräich, Senegal an Norwegen läit, gëtt den Irak vun de meeschte Leit béis ënnerschat. Grad dat kéint dem Trainer Jesús Casas a senger Ekipp an d'Kaarte spillen. De “Lions of Mesopotamia” feelen d'Staren, mee d'Ekipp ass extrem disziplinéiert an hält zesummen. Mat dem Mëttelfeldspiller Osama Rashid an dem Stiermer Aymen Hussein hu si Spiller mat vill Erfarung a Gefor virum Gol. Hir gréisste Stäerkt bleift awer d'Resilienz. Si sti kompakt, maachen et de Géigner schwéier a kënnen esou och géint technesch besser Ekippen iwwerraschen.