FIFA-KongressInfantino confirméiert WM-Participatioun vun Iran

RTL Lëtzebuerg
De FIFA-President huet zu Vancouver a Kanada nach emol kloergestallt, dass déi iranesch Nationalekipp un der WM an den USA, Kanada a Mexiko wäert deelhuelen.
© AFP

Wéi virgesi wäert déi iranesch Ekipp hir Virronnematcher an de Vereenegte Staate vun Amerika spillen, sou den Gianni Infantino direkt um Ufank vum FIFA Kongress zu Vancouver. Den Iran hat nom Ausbroch vum Krich géint Israel an d'USA iwwert e Boykott nogeduecht an ugefrot, hir Matcher a Mexiko kënnen ze verleeën. Spéider hat den US-President Donald Trump gemengt, déi iranesch Spiller wieren zwar weider "wëllkomm" a sengem Land, kéinte sech do awer net wierklech sécher fillen.

Problemer bei der Arees?

Um Kongress vun der FIFA feelt déi iranesch Delegatioun, déi erëm ofgereest ass, nodeems et bei der Arees um Fluchhafe vun Toronto zu Problemer komm war. Iranesch Staatsmedie mellen, dass déi kanadesch Autoritéite sech hire Leit géintiwwer "inakzeptabel" verhalen hätten. Virgesi war d'Participatioun um Kongress vum Verbandspresident Mehdi Taj, dem Generalsekretär Hedayat Mombeni an deem sengem Stellvertrieder Hamed Momeni. Den Taj war fréier Member vun de Revolutiounsgarden. D'Agence Reuters zitéiert déi kanadesch Regierung, dass Membere vun de Garden "an hirem Land keng Plaz hätten". Zu weideren Eenzelheete géif ee sech net wëllen äusseren. Donieft heescht et, dass den Gianni Infantino sech an den nächsten Deeg a klenger Ronn mat Iraner wéilt treffen, fir mat Bléck op d'WM ze kucken, wéi et soll weidergoen.

Problemer am Trafic?

Um Bord vum Kongress ass bekannt ginn, dass d'FIFA wuel bei de lokalen Autoritéiten ëm Hëllef gefrot hat beim Transport vun hire Leit. De Vizepresident vun der Police Don Chapman huet Meldungen aus de Medien iwwer esou eng Ufro confirméiert an drop geäntwert, datt "formell Konvoie mat gespaarte Stroosse just Staatscheffen virbehale wieren". Et wier awer guer net ëm e "spezielle Level" vun enger Policeeskort gaangen, sou de Futtballverband duerno an enger Reaktioun, an hire President wier och guer net involvéiert gewiescht. Weider Kommentarer zu logistesche Froe wollt d'FIFA duerno net méi beäntweren.

Back to Top
CIM LOGO