No Entloossung vum Horst SteffenRaphael Duarte iwwerhëlt als Interim den Trainerstull bei Werder Bremen

RTL Lëtzebuerg
Dat huet de Club e Sonndeg de Moie selwer matgedeelt. De Lëtzebuerger iwwerhëlt zesumme mam Christian Groß, bis en neien Trainer fonnt ass.

Säi Co-Trainer, de Lëtzebuerger Raphael Duarte, soll d‘Ekipp elo zesumme mat deem anere Co-Trainer, de Christian Gross, interimsméisseg iwwerhuelen. E Samschdeg hat Bremen doheem 1-1 mat Gladbach gedeelt.

De Raphael Duarte huet réischt 29 Joer. Dës Saison ass hien zesumme mam Horst Steffen vun Elversberg op Bremen gewiesselt. Bei eis am Land war hien Trainer zu Kanech.

Hei den offizielle Statement vum Club

Back to Top
CIM LOGO