
Et war deemno de 4. Spilldag vum Titel-Playoff, an deem de Racing sech jo schonn de Championstitel geséchert hat.
Hei gouf et e Samschdeg eng 2:0-Heemvictoire vun Hesper géint Déifferdeng. Domat huet de Swift bei nach 2 verbleiwende Spilldeeg just nach 2 Punkte manner wéi d'Déifferdengerinnen, woumat et nach eng Lutte ëm déi 2. Plaz wäert ginn.
Donieft huet de Racing sech 2:0 zu Jonglënster behaapt, déi domat sou gutt wéi sécher op Plaz 4 landen.
Am Ofstig-Playoff gouf et um 4. an hei domat virleschte Spilldag eng däitlech 8:0-Victoire fir Dikrech géint Käerjeng. Béid Ekippen hate virdru just 3 Punkte getrennt, elo steet fest, dass Käerjeng op Plaz 5 vu 6 vum Grupp lande wäert.
Ell huet sech iwwerdeems 11:0 géint d'Entente WMH behaapt a Beetebuerg huet Mamer 1:0 geklappt.