Barrage am FuttballHeischent/Eschduerf bleift an der zweeter Divisioun

RTL Lëtzebuerg
Am Barragematch war et fir Heischent/Eschduerf beim 3:0 eng kloer Affär géint den FC Bruch.
© Rom Hankes

De Racing Heischent-Eschduerf bleift no der 3:0-Victoire an der zweeter Divisioun. Bruch muss domat eng weider Saison an der drëtter Divisioun spillen.

Um Terrain zu Mäerzeg war den Zweetdivisionär fréi a Féierung gaangen a konnt d'Féierung nach virum Säitewiessel ausbauen. Den Torres huet an der 90. Minutt fir de Schlusspunkt gesuergt.

© Rom Hankes

Heischent/Eschduerf - Bruch 3:0

1:0 Joe Clement (16'), 2:0 Jeronimo Mabale Bondum (45', Eelefmeter), 3:0 Yannick Torres (90')

Giel-Rout: Christophe Thelen (87')

Back to Top
CIM LOGO