Wéi grouss d'Affiche Lëtzebuerg géint Italien ass, weess och den FLF-Nationaltrainer Jeff Strasser. 12 Joer hunn déi Lëtzebuerger Futtball-Supporter an déi grouss italieenesch Communautéit am Grand-Duché op eng weider Konfrontatioun misse waarden. Et ass allerdéngs eng aner wéi erhofft. Doduerch datt d'"Squadra Azzurra" d'Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft dëse Summer an den USA, Kanada a Mexiko, elo fir déi 3. Kéier noenee verpasst huet, huet den Interimstrainer Silvio Baldini nieft dem Gianluigi Donnarumma 19 Debutante selektionéiert. De Gros kënnt aus der U21-Nationalekipp, do wou de 67 Joer alen Italieener viru kuerzem nach selwer an der Responsabilitéit stoung.
De Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Jeff Strasser weess ëm d'Qualitéit vun deem Kader, och wann dësen "nëmmen" en Altersduerchschnëtt vun 21 Joer huet. D'Spiller sinn zwar manner bekannt, dofir awer trotzdeem staark.
"Et si vill Titulairen aus der Serie A dobäi, vun Inter Mailand, déi Champion gi sinn an och vum AC Milan. Da weess ee wéi staark a qualitativ héichwäerteg déi Ekipp och ass. Op där anerer Säit ass et esou, datt Italien eeben d'Weltmeeschterschaftsqualifikatioun verpasst huet an haut dobäi ass eng aner Ekipp opzebauen. Fir eis war d'Preparatioun anescht, well mir eréischt méi spéit konnte kucken, wien dann elo schlussendlech vun de Spiller dobäi ass. Och wat ee System se spillen, well d'Ekipp par rapport zur U21 an zwee verschidde Systemer spillen. Dofir war et e bësse méi Aarbecht, wat awer guer net schlëmm ass a mir wäerte muer op dee Match preparéiert sinn, wuelwëssend dass et méi jonk Spiller dobäi sinn, déi och méi dynamesch sinn an déi méi wëlleg sinn an dass et mat Sécherheet net méi einfach gëtt."
Schlecht Nouvellë goufen et donieft awer leider och. Den Yvandro Borges huet sech viru kuerzem am Training blesséiert a fält géint Italien aus. Donieft huet den Aiman Dardari den Ofschlosstraining missen ofbriechen. Nach bleift ofzewaarden, ob de Spiller, deen an der Réckronn bei Greuther Fürth ausgeléint war, géint d'Italieener zum Asaz komme kann oder net.
Fir ee Lëtzebuerger Nationalspiller ass d'Partie géint Italien ganz speziell. De Seid Korac spillt beim FC Venedeg, mat deem hien dës Saison an d'Seria A opgestigen ass. E Mëttwoch den Owend kéint et den 21-fachen Nationalspiller mat engem Venedeger Co-Equipier ze di kréien. Den 22 Joer ale Matteo Dagasso ass bei den Italieener am Kader a stoung dës Saison insgesamt 19 Minutte mam Seid Korac um Terrain. De Lëtzebuerger Defenseur huet am Ufank vum Championnat en Tick méi gespillt, wéi zum Schluss. Hien huet nach Kontrakt beim FC Venedeg an huet mam Veräin direkt dat nächst Zil am Viséier.
"Ech sinn zefridden do. Ech si sécher, datt ech e groussen Deel fir den Opstig bäigedroen hunn. An ech sinn do déi nächst Saison. Ech gi Gas. Mir hunn elo d'nächst Zil, dat ass an der Liga bleiwen. A genau do wëll ech matmaache mat der Ekipp."
D'Partie Lëtzebuerg géint Italien kënnt Dir e Mëttwoch mat Virprogramm vun 20:00 Auer un op der Tëlee um RTL Zwee, um Radio an um RTL Play live suivéieren.