Bannent puer Minutten ausverkaaftFir de Frëndschaftsmatch tëscht Lëtzebuerg an Italien ginn et keng Entréestickete méi

Andy Brücker
Dat deelt d'FLF um Dënschdeg de Moie mat, kuerz nodeems d'Vente vun den Ticketen opgaange war.
© Ministère des Sports

Den 3. Juni spillt d'Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp e Frëndschaftsmatch géint d'Squadra Azzurra. E Match, op dee sech vill Fans gefreet hunn. Dat beweist sech och beim Verkaf vun den Entréesticketen. Déi waren nämlech bannent just e puer Minutte verkaf, wéi d'FLF um Dënschdeg de Moie matdeelt.
An enger éischter Phas gouf et eng "Vente prioritaire" fir Leit, déi en Abonnement haten, am Kader vun der Qualifikatiounsphas fir d'Futtball-WM.

En Dënschdeg de Moien um 10 Auer ass dunn d'Vente opgaange fir all déi aner Leit... an um 10:24 Auer huet d'FLF scho matgedeelt, dass de Match ausverkaf wier.

Deemno bleiwen d'Keese vum Stade de Luxembourg den 3. Juni och zou.

Bei RTL kann een nach Tickete gewannen

D'Chance beim Match dobäi ze sinn, och wann een am Virverkaf keen Ticket méi krut, bleift bestoen. Bei RTL wäerten an den nächste Wochen nach Tickete verspillt ginn. Bleift deemno um Ball!

Back to Top
CIM LOGO