Virschau op d'Futtball-WM: Grupp B"Favorit ass d'Schwäiz, honnertprozenteg", sou de Mirza Mustafic

Yannick Zuidberg
An der Grupp B gëtt et mat Kanada, Bosnien-Herzegowina, der Schwäiz a Katar eng vun de wuel spannendste Konstellatiounen.
© RTL-Grafik

Um Pabeier schéngt d'Schwäiz déi komplettst a stäerkst Ekipp an der Grupp B ze hunn. D'Schwäizer sinn zanter ville Jore bei bal all groussem Tournoi dobäi a weise reegelméisseg eng staark Organisatioun, vill international Erfarung an eng héich taktesch Disziplin. Mat Spiller, déi an den Topp-Lige vun Europa aktiv sinn, dierft d'Schwäiz de Favorit op déi éischt Plaz an der Grupp sinn, dat gesäit och de Mirza Mustafic esou. 

De Lëtzebuerger Futtballer mat bosneschen Originnen huet dës Saison fir Bali United an Indonesien gespillt, war awer och vun 2022 bis 2025 fir den FK Sarajevo a Bosnien aktiv. Deemno verbënnt de 27 Joer ale Lëtzebuerger vill mat senger zweeter Heemecht.

De Mirza Mustafic am Joer 2020 am Trikot vu sengem deemolege Veräin Elversberg
De Mirza Mustafic am Joer 2020 am Trikot vu sengem deemolege Veräin Elversberg
© TOM WELLER/dpa Picture-Alliance via AFP

"Favorit ass d'Schwäiz, honnertprozenteg. Um Pabeier hu si déi beschten Ekipp", seet de Mirza Mustafic. Hannendru kënnt et senger Meenung no zu engem Zweekampf ëm déi zweete Plaz tëscht Bosnien a Kanada. Béid Ekippe spillen direkt hiren éischte Match géinteneen. Dee gëtt dem fréiere Spiller vun FK Sarajevo no immens wichteg. "Et ass ëmmer wichteg, op enger Coupe du Monde den éischte Match ze gewannen, fir Confiance ze tanken."

Kanada wäert awer net ze ënnerschätzen sinn. Als Co-Gaaschtland wäert d'Ekipp vun enger enormer Ënnerstëtzung profitéieren. Déi kanadesch Nationalekipp huet an de leschte Jore grouss Fortschrëtter gemaach an ass besonnesch am Offensivspill geféierlech. 

D'Bosnier hunn hirersäits awer och genuch individuell Qualitéit, fir all Géigner viru Problemer ze stellen. Virun allem gi si mat vill Réckewand an d'WM. D'Bosnier hu sech jo sensationell am Playoff no Eelefmeterschéisse géint Italien duerchgesat. "Nom Match waren zu Sarajevo Honnertdausende Leit an der Stad fir ze feieren". D'Qualifikatioun bedeit de Bosnier immens vill, well si sech elo op eppes freeë kënnen, mengt de Mirza Mustafic, deen och seet, de Futtball wier de Sport Nummer 1 a Bosnien. "D'Begeeschterung ass immens, well d'Land huet an der Vergaangenheet vill gelidde mam Krich, dowéinst sinn d'Leit nach méi zesummegewuess a si si mat Klengegkeeten zefridden a wa sech Bosnien da fir eng WM qualifizéiert, ass dat eng immens Freed." 

No e puer méi schlechte Joren, ass Bosnien elo also nees op der grousser Bün dobäi. "Zanter zwee Joer, mengen ech, datt se sech stabiliséiert hunn. Se hunn eng ganz nei Generatioun mat ville jonke Spiller, mat ganz vill Talent. Dat mécht se halt staark", betount de Mirza Mustafic. Mee Erfarung huet de bosnesche Kader och, dat virop mam Edin Dzeko, deen a Bosnien esou eppes wéi den Nationalheld ass an och mat senge 40 Joer nach ëmmer Matcher decidéiere kann.

De Katar wäert dem Mirza Mustafic no net vill mat ze schwätzen hunn, well d'Qualitéit vun deenen aneren Natiounen ze héich ass.

Dräi Froen un de Mirza Mustafic

Wie gëtt Weltmeeschter?
Wie gëtt déi gréissten Iwwerraschung?
Wiem drécks du d'Daumen?

Infoen iwwer de Grupp B

De Spillplang
D'Favoritten am Grupp
Dräi Fakten iwwer de Grupp

Maacht mat bei eiser Ëmfro

Back to Top
CIM LOGO