An der Bundesliga huet sech Bayern München a leschter Sekonn géint Freiburg konnten duerchsetzen. Méi Informatiounen zu Bundesliga fannt dir an eisem Artikel iwwert den 28. Spilldag. Och e puer Lëtzebuerger Futtballer waren um Samschdeg am Asaz. Den Iwwerbléck fannt dir hei.
Um Ouschterweekend ginn an der Premier League keng Matcher gespillt, dofir rullt de Ball awer am Fa Cup, wou 3 vu 4 Matcher an der Véirelsfinall gespillt ginn. E Sonndeg kritt et dann nach West Ham mat Leeds United ze dinn.
Manchester City - FC Liverpool 4:0
1:0 Haaland (39'), 2:0 Haaland (45+2'), 3:0 Semenyo (50'), 4:0 Haaland (57')
Am absolutte Spëtzematch tëscht Manchester City a Liverpool haten d’Gäscht um Enn näischt ze radetten, a verléieren däitlech mat 0:4 am Etihad Stadium zu Manchester. Laang war e Match op Aenhéischt, éier d’Ekipp vum Pep Guardiola virun der Paus direkt zwee mol konnt markéieren. Liverpool hat wuel seng Chancen, war virum Gol awer net effizient genuch. Den Antoine Semenyo an der 50. Minutt sou wéi den Haaland an der 57. Minutt hunn den Deckel scho fréi am Match drop gemaach.
De Spiller vum Match war ouni Zweifel den Erling Haaland, deen 3 vu 4 Goler fir seng Faarwe markéiert huet. Zu allem Iwwerfloss huet de Mohammed Salah an der 64. Minutt beim Stand vun 0:4 een Eelefmeeter net konnten era maachen, den Trafford am City Gol konnt dëse paréieren. Manchester City steet domat verdéngt an der 1/2 Finall vum FA Cup.
FC Chelsea - Port Vale 7:0
1:0 Hato (2'), 2:0 Joao Pedro (25'), 3:0 Lawrence Gabriel (Selbstgol,42'), 4:0 Adarabioyo (57'), 5:0 Andrey Santos (69'), 6:0 Garnacho (90+2')
Chelsea huet seng Aufgab géint den Drëttligist Port Vale souverän gemeeschtert a gewënnt mat 7:0. Domat seet Chelsea nieft Manchester City an der Halleffinall.
FC Southampton - FC Arsenal 2:1
1:0 Stewart (35'),1:1 Gyökeres (68'), 2:1 Charles (85')
Den Zweetligist Southampton ass déi grouss Iwwerraschung gelongen a geheit de grousse Favorit Arsenal London aus dem FA Cup eraus. Déi 1. Hallschent huet de Gunners gehéiert, an awer war et d’Lokalekipp déi aus dem Näischt a Féierung gaange sinn. An der zweeter Hallschent huet sech de Match méi ausgeglach gewisen. Nom Ausgläich vum Gyökeres huet Arsenal den Tempo net konnten héichhalen, an esou ass et komm wéi et komme misst. Southampton huet a Persoun vum Charles den entscheedenden Gol markéiert a steet nom 2:1 géint Arsenal an der Halleffinall vum FA Cup.
Stade Brest - Stade Rennes 3:4
1:0 Dina (4'), 1:1 Blas (20'), 1:2 Lepaul (35'), 2:2 Dina (57'), 2:3 Embolo (63'), 3:3 Labeau (70'), 3:4 Lepaul (74')
OSC Lille - RC Lens 3:0
1:0 Haraldssin (44'), 2:0 Correia (49'), 3:0 Fernandez-Pardo (58')
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1
Real Sociedad - Levante 2:0
1:0 Martin (30'), 2:0 Mendez (83')
RCD Mallorca - Real Madrid 2:1
1:0 Manu Morlanes (41'), 1:1 Eder Militao (88'), 2:1 Muriqi (90+1')
Réckschlag fir déi Kinneklech am Kampf em de Meeschtertitel. Real war iwwer 90 Minutte wuel déi iwwerleeën Ekipp, konnt hier Chancë bis op den tëschenzäitlechen Ausgläich an der 88. Minutt duerch den Eder Militao awer net notzen. Mallorca war sengersäits virum Gol immens effizient, a kann de Match duerch Goler vum Morlanes a Muriqi gewannen. No der iwwerraschender 1:2 Néierlag géint Mallorca ass de Réckstand op Barcelona fir Real op 7 Punkten ugewues, daat well Barcelona géint Atlético gewonnen huet. Fir Mallorca ass des Victoire iwwerdeems eng immens wichteg, steet een elo mat 31 Punkten op der 15. Plaz an der Tabell.
Atlético Madrid - FC Barcelona 1:2
1:0 Simeone (39'), 1:1 Rashford (42'), 1:2 Lewandowski (87')
De Lewandowski säin spéide Gol entscheet de Spëtzematch an huet elo 7 Punkten Avance op Real Madrid.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga