Futtball-WM 2026Zu New York kascht en Zuchticket 150 Dollar

RTL mat AFP
D'Fans mussen zu New York nach méi déif an d'Täsch gräifen. De Präis fir en Ticket an de Stadion op New Jersey klëmmt ëm 137 Dollar.
Musse WM-Matcher ofgesot ginn?
Musse WM-Matcher ofgesot ginn?
© JIM WATSON / AFP

D’Entréestickete fir d’Futtball-WM am Summer si schonn deier. Lo ginn och nach d’Präisser fir d’Zuchbilljeeë vun New York an de Stadion op New Jersey fatzeg an d’Luucht. Wat ugangs Gerüchter waren, ass entretemps confirméiert ginn. De Präis fir en Aller-retour-Ticket vu Manhattan an de MetLife Stadion op New Jersey klëmmt vun 12,90 Dollar op 150 Dollar.

Déi extrem Hausse vun de Präisser ass vun den New Jersey Transit Betriber bestätegt ginn. Weder Kanner nach Pensionäre kréie Reduktiounen. An der Virronn wäerten zu New Jersey Brasilien, Marokko, Frankräich, Senegal, Norwegen, Ecuador, Däitschland, Panama an England spillen. Bei der WM 2022 a Qatar an der EM 2024 an Däitschland haten d’Fans den Ticket fir den ëffentlechen Transport an hirem Entréesticket fir e Match gratis mat dran.

FIFA wëllt Käschten net iwwerhuelen

Awer net just am Big Apple mussen d’Fans méi déif an d’Täsch gräifen. Zu Boston kascht de Busticket zum Beispill 95 Dollar, mat der Bunn geet et fir 80 Dollar an de Stadion an zréck. D’FIFA wëllt sech net un de gehéichte Käschte fir den Transport bedeelegen, och wann et an der Lescht aus der US-Politik Fuerderunge gouf an deem Sënn. De Weltverband huet sech iwwerrascht gewise vun der enormer Hausse, well bis ewell nach ni fir e groussen Event am MetLife Stadion fir den Transport hätt misse bezuelt ginn.

2018 war an engem Accord festgehale ginn, dass an alle Stied, an deene WM-Matcher gespillt ginn, den Transport fir d’Fans gratis misst sinn. Wéinst der finanzieller Belaaschtung hätten déi Moossnamen awer missen ugepasst ginn, sou datt all Besëtzer vun engem Ticket an all aner akkreditéiert Persoune bezuele wäerte mussen. D’WM 2026 an den USA, Kanada a Mexiko wäert tëscht dem 11. Juni an dem 19. Juli gespillt ginn.

Back to Top
CIM LOGO