
An der 2. Bundesliga hat Greuther Fürth Besuch vu Paderborn. Dobäi war Paderborn de klore Favorit. D’Lokalekipp huet de Match awer laang oppen gehalen, huet aus senger gudde Offensivaktiounen awer ze wéineg gemaach. Um Enn steet eng 0:2-Néierlag um Spillbou. Dobäi gouf den Aiman Dardari an der 87. Minutt fir den Ziereis agewiesselt. Paderborn leit no der Victoire op der 2. Plaz an der Tabell iwwerdeems Fürth elo op der 17. an domat direkter Ofstigsplaz steet.
An der 1. Bundesliga huet den Danel Sinani wéi déi leschte Matcher och 90 Minutten um Terrain bei St.Pauli gestanen. Zu enger Victoire sollt et awer net duergoen, Pauli spillt 1:1-Gläich auswäerts bei Union Berlin. Déi beschte Chance an der zweeter Hallschent fir Pauli hat de Sinani, säi Schoss an der 60. Minutt ass awer un dat riets baussent Netz gaangen.
An der hollännescher Eredivisie huet d’Ekipp vum Yvandro Borges Heracles Almelo auswäerts mat 1:4 géint Heerenveen verluer. De Lëtzebuerger ass bei de Gäscht net zum Asaz komm. Iwwerdeems ass an Holland d’Entscheedung an der Meeschterschaft gefall. De PSV Eindhoven ka sech fir eng 26. Kéier iwwert den Titel am nationale Championnat freeën.
An der Ofstigs-Grupp an der éisträichescher Bundesliga huet de Mathias Olesen mam Grazer Ak 2:1 géint de BW Linz gewonnen. Den Nationalespiller vun der FLF stoung 90 Minutten um Terrain.
An der zweeter Liga an der Belsch, der Challenger Pro League, feiert Beveren, déi jo schonn als Opsteiger fest stinn, eng weider fulminant Victoire. D’Ekipp vum Kapitän Laurent Jans gewënnt auswäerts bei der zweeter Ekipp vum RSC Anderlecht mat 5:0. De Laurent Jans stoung wéi gewinnt vun Ufank un um Terrain a gouf an der 63. Minutt beim Stand vu 5:0 ausgewiesselt.
An der 2. Bundesliga an Däitschland huet Magdeburg eng wichteg Victoire géint Bochum am Kampf em de Verbleif an der 2. Bundesliga gefeiert. D’Ekipp vum FCM-Trainer Petrik Sander huet eng fulminant éischt Hallschent gespillt a louch an der Paus mat 2:0 a Féierung. Bochum huet wuel den Uschloss duerch den Hofmann an der 56. Minutt geschoss, zu méi sollt et awer net duergoen. D’Lokalekipp huet mat 2 weidere Goler duerch den Zukowski den Deckel drop gemaach. An der 88. Minutt ass de Lëtzebuerger Eldin Dzogovic, deen déi lescht 2 Matcher net am Kader vu Magdeburg stoung, fir de Bockhorn agewiesselt ginn.
D’Resultater an d’Tabell aus der 2. Bundesliga.
An der 3. Liga an Däitschland war Waldhof Mannheim mam Lëtzebuerger Trainer Luc Holtz op Besuch beim TSV 1860 München. Nodeems Mannheim an der 27. Minutt duerch den Bierschenk a Féierung gaangen ass, konnt den Haugen an der 86. Minutt de Match fir d’Lokalekipp nach ausgläichen. De Match sollt dann och mam 1:1 op en Enn goen. De Luc Holtz huet de Vincent Thill an der 60. Minutt fir den Asallari agewiesselt. An der Nospillzäit hat de Vincent Thill nach eng gutt Chance de Match mat engem Lucky Punch ze entscheeden, säi Schoss aus 16 Meter sollt den Dähne am awer paréieren. Mannheim steet mat 46 Punkten weider am Mëttelfeld vun der Tabell, iwwerdeems bei 1860 nom drëtte Remis um Stéck d’Hoffnungen op den Opstig lues awer sécher verluere geet.