Den Iwwerbléck vum internationale FuttballÉischt Heem-Néierlag vun der Saison fir Neapel, Tottenham muss weider zidderen

RTL Lëtzebuerg
An der Serie A ass Inter Mailand net méi wäit fort vum Championstitel, nodeems Neapel géint Lazio Roum mat 0:2 de Kierzere gezunn huet. An der Premier League heut Tottenham spéit den 2:2 kasséiert a bleift weider op enger direkter Ofstigsplaz.
Lazio's Croatian midfielder #26 Toma Basic celebrates scoring his team's second goal with Lazio's Italian midfielder #32 Danilo Cataldi and Lazio's Italian forward #22 Matteo Cancellieri during the Italian Serie A football match between Napoli and Lazio at the Diego Armando Maradona stadium in Naples on April 18, 2026. (Photo by Carlo Hermann / AFP)
© AFP

An den internationale Futtballchampionnater geet et sou lues a Richtung Schlussphas. An England bleift Bournemouth duerch eng Victoire bei Newcastle weider op guddem Wee fir eng international Plaz an ënnen an der Tabell bleift Tottenham duerch e spéide Géigegol zum 2:2 weider op enger direkter Ofstigsplaz stoen. An Italien gouf et dann déi éischt Heemdefaite vun der Saison fir Neapel géint Lazio Roum, wouduerch de Championstitel fir Inter Mailand nëmmen nach eng Fro vun der Zäit ass.

An der 1. Bundesliga huet Bremen den Nordderby géint den HSV gewonnen a fir d’Bayern feelt duerch eng Defaite vum BVB e Sonndeg just nach ee Punkt, fir de Championstitel kloer ze maachen.

Premier League

Newcastle - Bournemouth 1:2
0:1 Tavernier (32'), 1:1 Osula (68'), 1:2 Truffert (85')

Bournemouth bleift duerch eng Victoire auswäerts bei Newcastle weider an der Course ëm déi international Plazen. No enger gudder hallwer Stonn war et de Marcus Tavernier, deen d’Gäscht a Féierung bruecht hat. De Päif-Concert, mat deem d’Spiller vun Newcastle an d’Paus geschéckt goufen, hu si sech wuel ze Häerze geholl. Nom Säitewiessel war et de William Osula, deen no engem laange Ball an d’Déift den Ausgläich markéiere konnt. Kuerz viru Schluss huet Bournemouth dann awer nach eemol zougeschloen a wënnt um Enn duerch en decisive Gol zum 2:1 duerch den Adrien Truffert. Fir Newcastle ass dat déi drëtt Defaite hannerteneen.

Tottenham - Brighton 2:2
1:0 Porro (39'), 1:1 Mitoma (45+3'), 2:1 Xavi (77'), 2:2 Rutter (90+5')

Duerch ee spéide Géigegol bleift Tottenham weider op enger direkter Ofstigsplaz stoen a muss donieft fäerten, dass West Ham an Nottingham Forest weider dervun zéien. Nom Féierungsgol vun de Spurs an der 39. Minutt war et de Gäscht aus Brighton nach virun der Paus gelongen, op 1:1 auszegläichen. De Gol vum Xavi an der 77. Minutt huet da grouss Hoffnung op dräi Punkte gemaach, déi dann awer duerch den 2:2 vum Rutter an der 95. Minutt nach zerschloe goufen.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

Udinese - Parma 0:1
0:1 Elphege (51')

Neapel - Lazio 0:2
0:1 Cancellieri (6'), 0:2 Basic (57')

D’Serie vu fënnef Matcher ouni Defaite ass fir Neapel nees gebrach, dat no engem 0:2 doheem géint Lazio Roum. D’Gäscht konnte schonn no sechs Minutten duerch e gutt ausgespillten Ugrëff a Féierung goen. An der 31. Minutt gouf et dann d’Chance op en zweete Gol, ma de Milinkovic-Savic konnt den Eelefmeter vum Mattia Zaccagni, deen net wierklech gutt geschoss war, paréieren an och den Noschoss verhënneren. Den 2:0 sollt dann awer no der Paus falen, wou den Toma Basic mat engem stramme Schoss ënnert d’Lat dem Golkipp keng Chance gelooss huet. Fir Neapel sollt et um Enn bei der éischter Heemdefaite vun der Saison bleiwen.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Lorient - Marseille 2:0
1:0 Katseris (28'), 2:0 Dieng (58')

Angers - Le Havre 1:1
0:1 Boufal (13'), 1:1 Peter (28')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO