
Schonn am Virfeld vun der Futtball-Weltmeeschterschaft gouf intensiv iwwer politesch Themen diskutéiert. Visa-Problemer, den Ëmgang mat der iranescher Nationalekkip, ee Schidsrichter aus Somalien, deen net an d'USA duerft areesen an déi enk Relatioun tëscht dem FIFA-President Gianni Infantino an dem amerikanesche President Donald Trump suergen dofir, datt de Fussball deelweis an den Hannergrond réckelt.
Fir de fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller a WM-Expert Marc Oberweis ass dës WM zwar net onbedéngt déi politeschst vun allen Zäiten, mee si passt an eng Rei vun Tournoien, déi ëmmer nees ënner kontroversen Ëmstänn organiséiert goufen. Hien erënnert un d'Weltmeeschterschaften a Russland an am Katar. Mee "et ass warscheinlech déi éischte Kéier, wou eng WM stattfënnt an engem Land, dat aktuell am Krich ass. An natierlech ass dat politesch." Et géing sech d'Fro stellen, ob d'FIFA sech bei der Wiel vun den Organisatiounslänner net déi falsch Prioritéite setzt, sou de Marc Oberweis.
Sportler tëscht Fussball a Politik
Et wier kloer, dass d'Taktik vun der FIFA wier, fir de Sport wëllen ze globaliséieren. Mee de Sport géing doduerch ze vill an den Hannergrond réckelen. An dat wier schued, well et géing een haut och deels vu ville Sportler erwaarden, dass si sech zu politeschen Themen äusseren. Dat géif de Fokus vum eigentleche Sport ewechhuelen an d'Spiller an eng Roll drängen, déi si net onbedéngt wëllen oder kënnen iwwerhuelen. "Well et dierf een net vergiessen, vill vun de Sportler, déi, ech drécken dat elo e bësse salopp aus, sinn och net déi schäerfste Knäipen am Tirang". Fir hie misst eng Weltmeeschterschaft virun allem e sportlecht Fest bleiwen an net zu engem politesche Forum ginn.
Héich Ticketspräisser schléissen ëmmer méi Fans aus
Ee vun de grousse Kritikpunkten ass de Präis vun den Ticketen. Deelweis musse Fans Honnerte bis Dausende Dollar bezuelen, fir e Match live am Stadion kënnen ze suivéieren. De Marc Oberweis gesäit doran eng Entwécklung, déi net nëmmen d'WM betrëfft, mee de Sport am Allgemengen. D'NBA-Basket-Finallen an den USA oder d'Championsleague-Finallen do wieren d'Präisser och horrend héicht. A bei der WM wier dat net aneschters. "Et ass natierlech immens schued, well Fussball war ëmmer e Sport, deen immens volleksno war. An dat verléiere mer elo e bëssen. An ech mengen d'FIFA ass sech dees deelweis och bewosst", sou de fréieren Futtballnationalspiller.
Grouss Distanzen als sportlech a logistesch Erausfuerderung
Dass d'Weltmeeschterschaft gläichzäiteg an den USA, Kanada a Mexiko organiséiert gëtt, gesäit den Marc Oberweis kritesch. Déi grouss Distanzen tëscht de Spillplaze géifen d'Spiller zousätzlech belaaschten. Nieft der kierperlecher Ustrengung an der Hëtzt kommen dann nach laang Reesen a Fluchstrecken vun e puer Dausend Kilometer dobäi. Doriwwer eraus géif et och méi schwéier ginn, eng richteg WM-Atmosphär opkommen ze loossen. Am Verglach zu fréiere Weltmeeschterschaften an Däitschland oder England wier de Tournoi vill manner zentraliséiert, wat sech och op d'Stëmmung bei de Fans géing auswierken. "Ech mengen, do sinn einfach déi falsch Leit um Rudder bei der FIFA, déi denke global a vergiessen e bëssen, dass esou eng WM, och e Volleksfest soll sinn", kritiséiert den fréieren Futtballnationalspiller.
Kritesch Bléck op d'Zukunft vun der WM
Dës WM huet eng Rekord-Participatioun vun 48 Länner. 2030 sollen et nach méi Natioune sinn, nämlech 64 an d'Turnéier soll dann och op 3 verschiddene Kontinenten ausgedroen ginn Europa, Afrika a Südamerika. An de Länner Spuenien, Portugal, Marokko, Argentinien, Paraguay an Uruguay. Mat Bléck op d'Weltmeeschterschaft 2030 weist sech de Marc Oberweis skeptesch. Hien erkennt zwar un, datt méi kleng Fussballnatiounen doduerch eng Chance kréien, sech fir eng WM ze qualifizéieren. Gläichzäiteg besteet awer d'Gefor, datt dat Besonnescht vun enger Weltmeeschterschaft verluer geet. Fir de fréiere Nationalspiller war d'Qualifikatioun fir eng WM ëmmer eppes Aussergewéinleches. Wann ëmmer méi Ekippen dobäi sinn, géif dësen aussergewéinleche Charakter no an no verschwannen.