Futtball: WM-QualifikatiounD'Lëtzebuerger Dammen treffen op Israel

Yannick Gross
D'Dammennationalekipp am Futtball wäert am Kader vum der WM-Qualifikatioun d’nächst Woch zweemol géint Israel untrieden.
D'FLF-Dammen treffen an der WM-Qualifikatioun op Israel
No zwou däitlechen Defaitë géint Schottland sti fir d’Lëtzebuerger Dammennationalekipp am Futtball elo zwee Matcher géint Israel um Programm.

Gespillt ginn d’Matcher an Ungarn op neutralem Terrain. Mat dem Daniel Zirbes an dem Cristina Correira huet een neien Trainer-Duo iwwerholl, an et wäerten elo déi éischt Matcher fir si mat de Roude Léiwinne sinn.

Et war keen einfache Start an d’WM-Qualifikatioun virun e bësse méi wéi engem Mount. 0:5 an 0:7, dat waren d’Resultater aus Lëtzebuerger Siicht géint immens staark Schottinnen. Et war dacks ze séier gaange fir d’FLF-Dammen an et hat een och selwer net alles richteg ëmgesat.

Charlotte Schmit: “Et si genau déi zwou Saachen, virun allem d’Qualitéit vum Géigner, mee och mir am Mëttelfeld an déi ganz Ekipp hätten et kéinte besser maachen. Mir waren eis bewosst, datt an der Ligue B den Niveau méi héich ass, mee mir freeën eis elo op déi nächst Matcher a mir kënnen et just besser maachen.”

Als nächst um Programm steet elo Israel. Eng Ekipp, déi et net ze ënnerschätze gëllt, ma wou ee sech op Lëtzebuerger Säit awer och méi ausrechent, wéi dat nach géint Schottland de Fall war.

Emma Kremer: “Mir denken éischter, dass et elo net den nämmlechten Niveau wéi Schottland ass, dass mir op alle Fall méi kënne matspillen an eis net just hannen dra stellen. Et ass gutt, dass mir eis Qualitéit esou och rëm kënne méi weisen.”

Elo mat dobäi ass den neien Trainer-Duo Cristina Correira an Daniel Zirbes. Fir si war et insgesamt ee ganz positive Start am neie Kader.

Daniel Zirbes: “Mir hu vill Input raginn a probéiert, d’Ekipp sou gutt et geet ze preparéiere mat Hëllef vun de Saachen, déi eis an de Schottland-Matcher opgefall sinn, mee awer och op Israel no vir ze kucken. Si zéie gutt mat an d’Strukturen am Staff si gefestegt. Mir kucke positiv op déi zwee Matcher géint Israel.”

Trotzdeem wäerten d’Matcher géint Israel net einfach ginn, dat och opgrond vun e puer Ausfäll vu wichtege Spillerinne wéi dem Caroline Jorge oder dem Andreia Machado. Och d’Laura Miller wäert viraussiichtlech den éischte Match ausfalen, mat am Grupp ass d’Spillerin vun Nürnberg awer, wat ee wichtegt Zeechen ass.

Cristina Correira: “Ech menge fir jiddereen ass et wichteg, dass eis Kapitänin mat dobäi ass. Si ass ee Virbild fir déi ganz Ekipp, dofir si mir frou an et ass gutt fir de Grupp.”

Wéi sech d’Rout Léiwinnen an hirem éischte Match géint Israel schloe wäerten, kënnt Dir dann den nächsten Dënschden vu 19.00 Auer u live op RTL.lu gesinn.

Back to Top
CIM LOGO