D'Mexikaner konnte sech am alleréischte Match vun dësem Tournoi 2-0 géint Südafrika behaapten. Net nëmmen am eegene Land gouf sech iwwer dëse Succès gefreet, och hei zu Lëtzebuerg war d'Freed iwwer dëse gelongenen Optakt bei de Supporter grouss.
Sou och an engem mexikanesche Restaurant an der Stater Biederstrooss. Op zwee groussen Ecrane konnten d'Leit d'Partie suivéieren. Vill mexikanesch Supporter souzen am Trikot vun hirer Nationalekipp ronderëm d'Dëscher an hunn d'Daume gedréckt.
Zweemol an dëse 90 Minutten huet d'Lokal geziddert - bei deenen zwee Goler vun de Mexikaner. Direkt am Ufank vum Match an nom Säitewiessel. Et gouf gesongen, geklappt an e Patt op d'Ekipp gedronk.
Um Enn e gelongene WM-Optakt fir d'Mexikaner an e flotten Owend bei gudder Stëmmung am mexikanesche Restaurant.