Optakt vum 28. Spilldag an der BGL-LigueDéifferdeng dréit de Match a wënnt auswäerts zu Nidderkuer

RTL Lëtzebuerg
D'Gäscht leien no der éischter Hallschent 0:2 hannen, kënnen de Match awer no der Paus nach dréien.
© Val Wagner

Déi éischt Aktioun am Match zu Nidderkuer sollt de Gäscht vun Déifferdeng gehéieren. Dem Mfoumou säin Ofschloss gëtt awer ofgefälscht a lant am Aus. Beim uschléissende Corner sollt allerdéngs näischt erauskommen.

Duerno ginn d'Haushären dann direkt zwee Mol bannent kuerzer Zäit geféierlech. An der 7. Minutt war et de Corral, deen no enger Flank vum Gilgemann vun der rietser Säit um éischte Potto un de Ball kënnt. Säi Käpper an de laangen Eck kann awer vum Ventura am Déifferdenger Gol op Käschte vun engem Corner deviéiert ginn. Nom Corner vun der rietser Säit vum Natami käppt den Duarte am Fënnefmeterraum de Ball dann un d'Lat.

Bei den Déifferdenger ass et de Mfoumou, deen et ëmmer nees versicht. Säin Ofschloss an der 11. Minutt geet awer laanscht de Gol an an der 15. Minutt kann de Flaus am Nidderkuerer Gol de Schoss an den Aus deviéieren.

An der 33. Minutt markéieren d'Nidderkuerer da mat engem flotte Spillzuch den 1:0. Aus der eegener Hallschent gëtt de Ball séier no vir gedroen. De Baradji leet e perfekt an d'Mëtt fir de Natami, deen Ball aus kuerzer Distanz sécher an de Filet setzt.

An der 43. Minutt ass et da bal d'Äntwert vun de Gäscht. Ma dem Rafa Pinto säi Kappball geet knapp laanscht de Gol.

Dofir sinn et dann an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent d'Haushären, déi nach eng Kéier noleeën. De Baradji setzt sech Strofraum gutt duerch a leet de Ball zentral op den Hend of. Deen zéckt net laang a schéisst de Ball bannen un de Potto, vu wou en dann an de Gol spréngt. 2:0 fir Nidderkuer a mat dësem Score sollt et och an d'Paus goen.

No der Paus sinn et dann déi Déifferdenger, déi mat méi Elan op den Terrain kommen. Hiren Effort gëtt an der 47. Minutt belount: Et ass den Hadji, deen de Rafa Pinto perfekt an Zeen setzt. Deen zéckt dann och net eng Sekonn, hëlt aus ronn 25 Meter en direkten Ofschloss a placéiert de Ball präzis an de laangen Eck. Keng Chance fir de Flauss am Nidderkuerer Gol. Déifferdeng verkierzt op 1:2.

Duerno geet et vill hin an hier. Déifferdeng mécht Drock, mee d'Defense vun der Nidderkuerer steet hanne stabil.

An der 69. Minutt ass et dann nees eng Chance fir d'Lokalekipp. Den Hand setzt sech op der lénker Säit duerch a flankt de Ball op den zweete Potto, sou den Natami aus kuerzer Distanz dru kënnt. Ma de Ventura ka mat enger gudder Parad deviéieren. Dofir sinn et an der 76. Minutt d'Gäscht, déi den Ausgläich schéissen. No engem Corner vun der lénkser Säit kënnt um zweete Potto de Buch zum Kappball a setzt de Ball fir den 2:2 an de Filet, de Flauss huet hei net gutt ausgesinn.

An der 88. Minutt geléngt et Déifferdeng dann tatsächlech, de Match ze dréien. De Ball kënnt vun der lénker Säit an de Strofraum a gëtt duerno op de Bedouret zeréckgeluecht, deen aus zéng Meter den 2:3 fir d'Gäscht markéiert.

An der 95. Minutt gesäit de Rauch bei de Gäscht déi Giel-Rout Kaart, sou dass Déifferdeng d'Féierung zu zéng muss iwwert d'Zäit bréngen. Dat geléngt hinnen awer, sou dass et Déifferdeng tatsächlech geléngt, de Match ze dréien an den Derby auswäerts mat 3:2 ze gewannen.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.


Den Iwwerbléck vun de Resultater

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO