
Den FC Déifferdeng klappt d’Gäscht vu Rouspert mat 3:0 a baut säi Virsprong op Diddeleng aus. Den F91 huet an der Nospillzäit nach den Ausgläich kasséiert, nodeems ee laang vir louch. Vum Diddelenger Remis profitéiert och Atert Biissen a spréngt laanscht d’Ekipp aus der Forge du Sud. Och d’UNA Stroossen huet wichteg Punkte leie gelooss an dem FC Rodange neit Liewen agehaucht. Mat Péiteng huet déi zweet Ekipp aus dem Dräilännereck e Liewenszeechen am Ofstigskampf vu sech ginn.
Um Uewerkuerer Terrain war Déifferdeng déi spillbestëmmend Ekipp a konnt sech mat zwee Goler virun der Paus belounen. Éier et an d’Kabinne goung, war d’Lokalekipp awer just nach zu Zéng um Terrain, well de Bedouret déi Giel-Rout Kaart gesinn hat. Nom Säitewiessel hat Rouspert doduerch däitlech méi Offensivaktiounen, mee konnt dës net notzen. Mam drëtte Gol duerch de Rauch war den Deckel drop an de Spillfloss goung duerch vill Wiessele verluer.
Stroossen huet mat 1:2 zu Rodange de Kierzere gezunn a verléiert den Uschloss un d’Tabellespëtzt. Rodange konnt fréi a Féierung goen, mee d’Gäscht hu sech dovun net beandrocke gelooss. Der Lokalekipp koum zegutt, dass de Schur kuerz virum Ufank vum Match fir de blesséierten Mbombo an den Asaz koum. Genee dëse Schur huet nach virum Säitewiessel fir den 2:0 gesuergt. Stroossen war och am zweeten Duerchgang net geféierlech genuch a konnt bis op den Eelefmetergol duerch de Zenadji näischt entgéintsetzen.
E Samschdeg hate sech de Racing Lëtzebuerg an de Progrès Nidderkuer 2:2 getrennt.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Déifferdeng - Rouspert 3:0
1:0 Ricciulli (29'), 2:0 Quntiliano Borges (35'), 3:0 Rauch (68')
Diddeleng - Munneref 1:0
1:0 Delorge (36')
Hueschtert - Biissen 0:3
0:1 Abi Ramzi (17'), 0:2 Ferber (23, Eelefmeter), 0:3 Ferber (31')
Rodange - Stroossen 2:1
1:0 Monteiro Lima (7'), 2:0 Schur (41') , 2:1 Zenadji (67')
Jeunesse Esch - Hesper 1:1
0:1 Prempeh (25'), 1:1 Lapierre (34')
Kanech - Péiteng 0:1
0:1 Martins (26')
Mamer - Käerjeng 0:1
0:1 Bellali (62')