De Stater Racing war favoriséiert a konnt géint den FC Déifferdeng déi 6. Coupe an der Veräinsgeschicht gewannen an déi 5. noeneen. D’Schlussresultat ass 3:1 zugonschte vum Racing. Et ass de 5. Doublé noenee wat fir déi absolut Dominanz vum Racing schwätzt.
Schonn no 53 Sekonne konnt, viru 965 Spectateuren, d’Coraline Corplet de Gol fir d’Favorittinne markéieren, dat no engem Feeler an der Déifferdenger Defense.
Den 2. Gol vum Racing, duerch déi selwecht Spillerin an zwar Coraline Corplet, ass nees no enger Onstëmmegkeet an der Déifferdenger Defense gefall no 19 Minutten. Fir d’éischt gouf de Gol wéinst Abseits annuléiert. Nodeem sech den Arbittertrio ofgeschwat huet, ass de Gol awer accordéiert ginn.
D’Ana Tinoco hätt no enger Pass an Déift d’Finall kënne relancéieren. Den Ofschloss war awer net gutt an der 22. Minutt.
Kuerz virun der Paus huet d’Corplet bal en Hattrick fäerdeg bruecht, mee de Schoss vun der effikasster Spillerin vun der Saison war knapp net kadréiert. D’Säite goufen deemno mat 2:0 fir de Racing gewiesselt.
Och nom Säitewiessel huet de Favorit séier zougeschloen. D’Nationalspillerin Marta Estevez huet an der 48. fest a präzis geschoss. 3:0 fir de Racing. Dat war ganz däitlech méi wéi eng Tendenz.
No 71 Minutten an no engem Gewulls waren déi Stater engem weidere Gol ganz no.
No 75 Minutten ass d’Amy Thompson beim FC Déifferdeng ausgewiesselt ginn. Dat war en emotionale Moment. D'Nationalspillerin huet mat 31 Joer de leschte Match gespillt op Veräinsniveau. Bleiwen nach zwou Partië mat der Nationalekipp an dat zwee Mol géint d'Belsch de 5. an 9. Juni.
Kuerz drop hat de Racing Pech no engem Lateschoss vum Coraline Corplet.
Den FC Déifferdeng konnt an der 84. Minutt mam Ana Tinoco bei 1:3 verkierzen. An der 90. Minutt hätten déi Déifferdenger kënnen de Match spannend maachen, mee d’Tinoco krut en Abseits gepaff, dee warscheinlech kee war.
Schlussendlech gouf no engem 3:1 fir de Racing d’Coupe iwwerreecht.