Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDäitlech Victoire fir de Grazer AK mam Mathias Olesen

RTL Lëtzebuerg
De Leandro Barreiro huet iwwerdeems mat Benfica 2:2 gläichgespillt an den Anthony Moris konnt man Al Khaleej souverän 3 Punkte feieren.
© Ben Majerus / sportspress

An der 3. Liga an Däitschland huet Mannheim mam Trainer Luc Holtz 0:2 zu Saarbrécken verluer. De Vincent Thill stoung bei Mannheim net am Kader. Bei nach zwee verbleiwende Spilldeeg steet fest, dass Mannheim och d'nächst Joer an der 3. Liga spille wäert.

An der hollännescher Eredvisie huet NAC Breda mat 0:2 zu Utrecht de Kierzere gezunn an ass domat sou gutt wéi ofgestigen. Den Enes Mahmutovic stoung an der Startformatioun a gouf an der 90. Minutt beim Stand vun 0:1 ausgewiesselt.

Am Ofstigsgrupp vun der éischter Liga an Éisträich ass dem Grazer AK eng däitlech 4:0-Victoire géint Tirol gelongen, woumat een op déi 2. vu 6 Plazen am Grupp spréngt. De Mathias Olesen huet de Match fir de Grazer AK ugefaangen a gouf no 86 Minutten ausgewiesselt, wéi d'Partie schonn entscheet war.

Fir den Anthony Moris an Al Khaleej gouf et eng 2:0-Auswäertsvictoire géint Damac. De Moris stoung wéi gewinnt de ganze Match iwwer tëscht de Pottoen. Al Khaleej läit domat weiderhin op Plaz 10 an deemno am Tabellemëttelfeld, dat bei nach 4 verbleiwende Spilldeeg.

A Portugal huet et fir Benfica mam Leandro Barreiro an der Startformatioun no engem souveräne Succès géint Famalicao ausgesinn, ma Benfica ass no enger knapper Stonn an Ënnerzuel geroden a krut du vum Tabellefënneften nach zwee Goler geschoss. De Barreiro stoung beim 2:2 de ganze Match iwwer um Terrain.

D'Resultater aus der Liga Portugal.

An der zweeter franséischer Liga ass Bastia um 33. Spilldag eng immens wichteg Victoire am Kampf géint den Ofstig gelongen. Mat 1:0 huet ee sech nämlech zu Guingamp behaapt, woumat een elo just nach e Retard vun engem Punkt op d'Barrage-Plaz huet. D'Decisioun ëm de Klassenerhalt fält deemno um leschte Spilldag. De Florian Bohnert gouf bei Bastia no 72 Minutten agewiesselt.

An der zweeter éisträichescher Liga gouf et dunn nach en 0:0-Remis am Derby tëscht St. Pölten an der Admira. Béid Ekippen hunn domadder weiderhi Chancen op den Opstig, St. Pölten bleift awer an der Tabell op Plaz 3 an domat zwee Punkte virun der Admira. Den Dirk Carlson huet de Match fir St. Pölten duerchgespillt a krut no 56 Minutten eng giel Kaart.

Back to Top
CIM LOGO