
E Samschdeg de Mëtteg stoung an der 1. Bundesliga d’Suite vum 30. Spilldag um Programm, nodeems sech e Freideg den Owend St. Pauli mam Danel Sinani ee Punkt mam 1. FC Köln gedeelt hat.
Am Nordderby huet sech Werder Bremen mat 3:1 géint den Hamburger SV duerchgesat. Trotz Freedefeier, dat scho virum Match op den Terrain geschoss gouf, konnt d’Partie mat Zäiten ugepaff ginn, an där d’Lokalekipp vu Bremen d’Ufanksphas bestëmmt huet. Grad wéi d’Leeschtung bëssen ofgeflaacht war, konnt de Jens Stage bëssen aus dem Näischt mam Kapp op 1:0 fir Werder stellen. Nëmme véier Minutte sollt dës Féierung awer halen a sou huet de Robert Glatzel nach virun der Paus fir de Stand vun 1:1 gesuergt. Am zweeten Duerchgang huet Bremen dann no enger weiderer gudder Phas nees op 2:1 erhéicht, eng weider Kéier duerch de Jens Stage. Hamburg ass et duerno net méi gelongen, eng Äntwert ze weisen an huet d’Schlussphas wéinst enger rouder Kaart och nach missen an Ënnerzuel spillen. Dat huet d’Saach natierlech net méi einfach gemaach a sou sollt et no engem drëtte Gol duerch de Puertas bei enger verdéngter Derby-Victoire fir Bremen bleiwen.
Mat 2:1 huet sech dann d’TSG Hoffenheim doheem géint Borussia Dortmund duerchgesat. An der éischter Hallschent war d’Ekipp vu Sinsheim déi besser Ekipp mat de bessere Chancen. Duerch e relativ onglécklecht Handspill vum Niklas Süle kuerz virun der Paus, bei deem sech den Defenseur och nach blesséiert huet, konnt den Andrej Kramaric per Eelefmeter op de verdéngten 1:0 stellen. Och nom Säitewiessel war et kee wierklech gudden Optrëtt vun den Dortmunder, deenen dann an der 87. Minutt awer nach den Ausgläich gelénge sollt. Allerdéngs war dat lescht Wuert domat nach net geschwat. An der 90+7. Minutt war et op en Neits den Andrej Kramaric, deen och eng zweete Kéier Nerve vum Eelefmeterpunkt gewisen huet an déi dräi Punkte fir Hoffenheim séchere konnt. Duerch dës Defaite vum BVB huet Bayern e Sonndeg géint d’Stuttgart d’Chance, mat nëmmen engem Punkt de Championstitel fréizäiteg kloer ze maachen.
An den zwou weidere Partië vum Mëtteg huet Leverkusen duerch e spéiden Eelefmeter doheem mat 1:2 géint Augsburg verluer a fir de VfL Wolfsburg gouf et eng wichteg 2:1-Victoire géint Union Berlin, duerch déi een de Réckstand op St. Pauli op der Relegatiounsplaz op zwee Punkte verkierze kann.
E Samschdeg den Owend um 18.30 Auer kënnt et dann nach zum Duell tëscht Eintracht Frankfurt an RB Leipzig.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.