
D'Dammen-Nationalequipe krut et e Freidenowend am Kader vun der EM-Qualifikatioun mat der Belsch ze dinn. Um Enn vum Match gouf et zu Louvain virun 4.137 Spectateuren eng batter Defaite.
No véier Defaiten an den éischte véier Matcher géint Schottland an Israel sollt de Match géint d'Belsch direkt besser lass goen. Et war eng couragéis Ufanksphase vun de Roude Léiwinnen an där ee souguer selwer an der 7. Spillminutte zu enger gudder Chance koum. D'Kimberley Dos Santos hat bei hirem Schoss awer de Ball net richteg getraff.
Kuerz dono gouf awer direkt déi kal Dusch géint eng effizient Equipe aus der Belsch déi an der 11. Minutte mat hirer éischter gudder Chance mat 1:0 a Féierung konnte goen. Et war d'Hannah Eurlings dat de Ball aus Ronn 11 Meter propper an de Wénkel gesat huet.
No e puer weidere Chancen huet d'Belsch an der 19. Minutt duerch d'Tessa Wullaert nogeluecht. D'Spillerin vun Inter Mailand hat no enger ze kuerz gerodener Klärungsaktioun vum Lucie Schlime keng Problemer fir op 2:0 ze stellen. An dëser Phase ass et elo e bëssen ze séier fir d'FLF-Damme gaangen.
No an no sinn d'Rout Léiwinnen dono awer besser an de Match komm an et huet een d'Lokalequipe besser vum eegene Gol fortgehalen. Eng gutt Chance virun der Paus gouf et awer nach op béide Säiten, d'Saar Janssen ass awer no Ronn 40 Minutten um Schlime hänke bliwwen, wärend am Uschloss op en neits d'Kimberley Dos Santos de Ball just nieft de belsche Gol setze konnt.
Direkt no der Paus huet d'Tessa Wullaert dovu profitéiert dat d'FLF-Damme mam Kapp nach an der Kabinn waren. Ouni Problemer misst si de Ball just nach laanscht d'Lucie Schlime an de Gol setzen, 0:3 stoung et elo aus Lëtzebuerger Sicht.
An der 66. Minutt huet d'Spillerin mat der Nummer 9 dunn och nach hieren perséinlechen Dreierpack an den 4:0 markéiert.
D'Lokalequipe huet elo gewisen dat si nach Goler brauchen fir de Grupp ze gewannen, de 5:0 a 6:0 hu si nämlech direkt nogeluecht, dat zwee mol duerch d'Jill Janssens, an der 74. an an der 76. Minutt.
D'Belsch Spillerinnen hu weider Drock gemaach.
An der 90. Minutt huet d'Lucie Schlime am 1 géint 1 géint d'Dhont super mam Fouss paréiert an de Ball laanscht de Gol deviéiert.
4 Minutten Nospillzäit goufen ugewisen. No engem Fräistouss vun der Belsch gouf et nach emol geféierlech virum Lëtzebuerger Gol, ma d'Schlime konnt de Ball op der Linn halen.
Mat 6:0 ass de Match dann ofgepaff ginn an d'Belsch konnten eng verdéngte Victoire feieren. Si bleiwen u Schottland drun, déi elo allebéid 11 Punkten hunn. Schottland steet op Plaz 1, duerch e bessert Golverhältnis. 4 Goler méi hu se bis elo geschoss. Deementspriechend wichteg war dësen héije Succès och fir déi belsch Dammen.
Duerch déi Defaite hunn d'Lëtzebuergerinnen dann elo och keng Chance méi op de Playoff, fir sech fir d'WM ze qualifizéieren. Déi dräi Éischt aus all Grupp an der Liga B qualifizéiere sech fir de Playoff.
Lëtzebuerg steet no 5 Matcher mat 0 Punkten am Grupp B4, mat enger Goldifferenz vu -26. Israel huet 6 Punkten, bei just nach engem Match, deen ze spille bleift.
Den 9. Juni spillt Lëtzebuerg dann doheem nees géint d'Belsch, wou eis Noperen nees Vollgas wäerte ginn, fir hiert Golverhältnis ze verbesseren.