
An der Bundesliga konnt Heidenheim sech beim 3:3 ee Punkt géint d'Bayern sécheren, an och de Match tëscht Stuttgart an Hoffenheim ass 3:3 ausgaangen.
Brentford - West Ham United 3:0
1:0 Mavropanos (15', Selbstgol), 2:0 Thiago (54', Eelefmeter), 3:0 Damsgaard (82')
West Ham huet zwar géint Brentford gutt matgespillt, ma déi néideg Reussite huet awer gefeelt. Ee Selbstgol vum Mavropanos huet fir den 1:0 fir Brentford gesuergt, kuerz drop huet de Castellanos vu West Ham zweemol just de Potto geroden. Duerno war d'Lokalekipp déi spillbestëmmend Ekipp an huet defensiv näischt méi ubrenne gelooss, woumat ee sech um Enn verdéngt behaapt. West Ham bleift iwwerdeems op der 17. Plaz an domat iwwert dem Stréch, kann awer e Sonndeg vun Tottenham iwwerholl ginn, wann d'Spurs géint Aston Villa gewannen.
Arsenal - Fulham 3:0
1:0 Gyökeres (9'), 2:0 Saka (40'), 3:0 Gyökeres (45+4')
Arsenal huet an der Course ëm de Championstitel géint Manchester City virgeluecht. Géint Fulham hunn d'Gunners de Match vun Ufank u kontrolléiert a louchen duerch Goler vu Gyökeres a Saka schonn an der Paus 3:0 a Féierung. Un deem Score sollt sech dunn och an der zweeter Hallschent näischt méi änneren. Domat huet Arsenal ee Virsprong vu 6 Punkten op d'Citizens op Plaz 2, dat allerdéngs och mat 2 Matcher méi um Kont.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Como - Neapel 0:0
D'Spectateuren zu Como hunn ee serréierte Match gesinn, an deem d'Haushäre méi Ballbesëtz an och déi besser Occasiounen haten. Um Enn sollt et awer am Spëtzematch trotzdeem kee Gewënner ginn, woumat Como an der Lutte ëm d'Champions-League-Qualifikatioun nees Punkte leie léisst an et elo ganz schwéier dierft hunn, fir ënnert déi éischt 4 ze kommen. Neapel bleift dogéint Zweeten, ma wéinst dem Punktverloscht geet Inter Mailand e Sonndeg géint Parma ee Punkt duer, fir italieenesche Champion ze ginn.
Atalanta - Genoa 20h45
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
Paris Saint-Germain - Lorient 2:2
1:0 Mbaye (6'), 1:1 Pagis (12'), 2:1 Zaïre-Emery (62'), 2:2 Tosin (78')
Mat villen Ännerungen an der Startformatioun tëscht béiden Champions-League-Matcher géint d'Bayern louch de PSG zwar doheem zweemol a Féierung, ma Lorient konnt zweemol egaliséieren an um Enn ee Punkt aus Paräis mathuelen. De PSG huet domadder den Ament eng Avance vu 7 Punkten un der Tabellespëtzt, dat awer mat engem Match méi wéi den Tabellenzweete Lens.
Metz - Monaco 1:2
1:0 Deminguet (49'), 1:1 Balogun (61'), 1:2 Fati (90+2')
Zu Metz hunn d'Spectateuren ee Match gesinn, an deem Monaco zwar méi de Ball hat, ma a punkto Occasioune war et een Duell op Aenhéicht. Metz ass duerch ee Kappball vum Deminguet a Féierung gaangen, déi sollt et awer just 10 Minutten unhalen. Well Metz 3 Punkte gebraucht, fir weiderhi rechneresch Chancen op de Klassenerhalt ze hunn, huet een an der Schlussphas musse méi Risiko agoen. An der Nospillzäit huet de Fati dunn d'Partie gedréint, woumat Metz no engem Joer an der ieweschter Divisioun nees an d'Ligue 2 ofsteigt. Monaco huet iwwerdeems mat där Victoire Marseille iwwerholl a läit elo op Plaz 6.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
Valencia - Atlético Madrid 0:2
0:1 Luque (74'), 0:2 Llorente (82')
Osasuna - Barcelona 21h00
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga