Champions League: 1/2-Finallen1:1-Remis duerch zwee Eelefmeter tëscht Atlético Madrid an Arsenal

Jeff Birsens
E Mëttwoch stoung an der UEFA Champions League den Allersmatch vun der zweeter 1/2-Finall um Programm. Dobäi konnt sech keng Ekipp e Virsprong fir de Retourmatch erausspillen.
Dutch referee Danny Makkelie signals a penalty for Arsenal during the UEFA Champions League semi-final first leg football match between Club Atletico de Madrid and Arsenal at the Metropolitano stadium in Madrid on April 29, 2026.
Den hollänneschen Arbitter Danny Makkelie hat e Mëttwoch vill ze dinn.
© AFP

E Gol-Spektakel wéi en Dënschdeg tëscht PSG a Bayern war et zwar net, trotzdeem bleift et och hei fir de Retourmatch déi nächst Woch spannend. Zu Madrid gouf et fir Arsenal e Mëttwoch den Owend en 1:1-Remis géint Atlético. Jeeweils een Eelefmeter op all Säit huet fir de Remis gesuergt, dat an enger animéierter Partie, an där béid Ekippen hir gutt Phasen haten. Atlético war um Enn méi no un engem zweete Gol drun, ka sech um Enn awer glécklech schätzen, datt den Arbitter net eng drëtte Kéier op den Eelefmeterpunkt gewisen huet.

Wien et tatsächlech an d'Finall packt, gëtt schonn den nächsten Dënschdeg zu London decidéiert. Den Dag drop ass dann nach de Retourmatch tëscht Bayern a PSG.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

Atlético Madrid - Arsenal 1:1
0:1 Gyökeres (44'), 1:1 Alvarez (56')

All d'Goler vum Match Atlético Madrid géint Arsenal
Duerch zwee Eelefmeter hu sech béid Ekippen am Allersmatch mat engem 1:1 getrennt

Virun enger spektakulärer Kuliss am Metropolitano zu Madrid wollt Atlético de Gaascht aus London fréi stéieren an ënner Drock setzen. Arsenal huet dobäi ufanks och liicht nervös gewierkt, krut déi éischt Phas awer gutt iwwerstanen a konnt souguer duerch vereenzelt Virstéiss selwer scho mol an d'Géigend vum géigneresche Gol kommen. No an no hu sech an enger ausgeglachener Partie e puer Raim erginn, déi awer net konsequent genotzt konnte ginn.

Eng gutt hallef Stonn war gespillt, éier sech eng liicht englesch Iwwerleeënheet ofgezeechent huet. D'Gunners haten de Ball ënner Kontroll an hunn d'Colchoneros hannen an déi eegen Hallschent gedréckt. Kuerz virun der Paus huet den Arbitter dann op den Eelefmeterpunkt gewisen, nodeems den David Hancko de Viktor Gyökeres am Strofraum gedréckt huet. De Schwed huet sech der Saach selwer ugeholl an de Ball mat vill Kraaft an de Gol geschoss. Mat der 1:0-Féierung ass et dann och an d'Paus gaangen.

Nom Säitewiessel war Atlético dann immens engagéiert a war zweemol net wäit vum Ausgläich fort. Kuerz no deene Chancë gouf den Arbitter da vum VAR wéinst engem vermuttlechen Hands un d'Säitelinn geruff. Tatsächlech hat de Ben White seng Hand wäit vum Kierper gestreckt an domat de Ball gestoppt. Den Eelefmeter war eng Saach fir de Julian Alvarez, deen dem Raya keng Chance gelooss huet an op 1:1 ausgläiche konnt. Och am weidere Spillverlaf war déi spuenesch Lokalekipp besser an huet mam Drock op de Gol vun Arsenal net nogelooss. Ënner anerem den Antoine Griezmann huet dobäi d'Lat getraff.

Grad wéi ee geduecht huet, datt Atlético gläich den 2:1 schéisst, huet den Arbitter Danny Makkelie nees op den Eelefmeterpunkt fir Arsenal gewisen. Nees war et den David Hancko, deen dës Kéier den Eze um Fouss getraff an zum Fale bruecht huet. Nom Asaz vum VAR huet den Arbitter dann awer seng Decisioun zréckgeholl, obwuel e Kontakt op de Biller an der Slow-Mo ze gesi war. Fir den Hollänner war dat wuel net genuch, fir en Eelefmeter ze ginn. Mam 1:1 ass et also an déi lescht Minutten eragaangen, wou sech trotz e puer weidere gudde Chancen awer näischt méi um Spillstand ännere sollt.

Déi bescht Zeene vum Match Atlético Madrid géint Arsenal
Béid Ekippen haten am Verlaf vum Match hir gutt Phasen, sou datt de Remis um Enn gerecht ass


All d'Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Artikel vum 28. Abrëll 2026

Back to Top
CIM LOGO