
Wéi d'Ecurie Haas en Dënschdeg den Owend matdeelt, bleift den Esteban Ocon bis Enn der Saison suspendéiert a wäert net méi fir si fueren. No internen Differenze war de Fransous leschte Weekend a Mexiko vum Japaner Ryo Hirakawa ersat ginn.
Bei der nächster Course, dëse Weekend zu Sao Paulo, kënnt de Brasilianer Rafael Câmara doduerch zu sengem fréizäitege Formel-1-Debut. Den aktuelle Leader am Formel-2-Championnat sollt den Ocon souwisou vun nächster Saison u bei Haas ersetzen.
Ob de Câmara och no Brasilien am Haas-Cockpit wäert sëtzen, ass ongewëss. De Brasilianer wäert op de leschten zwee geplangten F1-Weekender Formel 2 fueren. Sou kéint et sinn, dass dem Ryo Hirakawa nach zwou weider Coursse bei Haas vergonnt sinn.