Den Timing kéint net besser sinn. Seng éischt Course nom Titelgewënn fiert de Kimi Antonelli um Heemcircuit vu sengem groussen Idol Senna. Mä och fir de Lewis Hamilton, deen zu São Paulo wéi en Adoptiv-Brasilianer veréiert gëtt, wäert et eng besonnesch Course ginn: Hie fiert e Sonndeg säi 400. Grand-Prix.
Mä Antonelli an Hamilton hunn zu Interlagos och nach déi eng oder aner sportlech Aufgab ze léisen. Den Antonelli muss hëllefen, dass Mercedes och den Titel bei de Constructeuren an dréchen Dicher kritt. An den Hamilton kämpft géint Verstappen, Russell a Leclerc ëm den Titel vum Vizechampion.
Suivéiert de FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2026 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.
Commentaire: Tom Hoffmann
Och dës Saison kënnt Dir wärend de Fräien Traininge mam RTL-Commentateur Tom Hoffmann kommunizéieren. Schéckt Är Froen an Äre Feedback einfach per WhatsApp op d'Nummer 621 777 888.
Wéinst de strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d’F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Et brauch een awer och weiderhin näischt fir d’Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.
Weider Informatiounen iwwer den RTL-Login, fir F1-Contenuen op RTL Play ze kucken...
Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play
Freideg, 6. November 2026: 16h25 – 17h35
Commentaire: Tom Hoffmann
Freideg, 6. November 2026: 19h55 – 21h05
Commentaire: Tom Hoffmann
Samschdeg, 7. November 2026: 15h25 – 16h35
Commentaire: Tom Hoffmann
Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play
Samschdeg, 7. November 2026:
Ufank vun der Emissioun: 18h55
Start vun der Qualifikatioun: 19h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 20h10
Commentaire: Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl
Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play
Sonndeg, 8. November 2026:
Ufank vun der Emissioun: 17h30
Depart vun der Course: 18h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 20h15
Commentaire: Tom Hoffmann a Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl
6. bis 8. November: FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2026
Autódromo José Carlos Pace - Brazil
20. bis 22. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2026
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas
27. bis 29. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2026
Lusail International Circuit - Qatar
4. bis 6. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2026
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi