Formel 1: GP vu China De Kimi Antonelli virop zu Shanghai

RTL Lëtzebuerg
Mercedes feiert eng duebel Victoire viru Ferrari a weist der Konkurrenz d'Grenzen op. En Debakel gouf et fir de Konstrukteursweltmeeschter McLaren.
De Kimi Antonelli wärend dem Grand Prix vu China.
De Kimi Antonelli wärend dem Grand Prix vu China.
© HECTOR RETAMAL/AFP

Beim zéngte Grousse Präis vu China gouf et eng Start-Zil-Victoire vum Kimi Antonelli. Nodeems den Italieener sech e Samschdeg als jéngste Polesetter an der Formel-1-Geschicht (19 Joer 6 Méint an 18 Deeg) veréiwegt huet, konnt de Mercedes-Pilot an der Course och seng éischt Victoire an der Formel 1 feieren. De Max Verstappen bleift awer dee jéngste Gewënner (18 Joer) an der Formel 1. Den George Russell huet mat der zweeter Plaz déi zweet duebel Victoire fir Mercedes an dëser Saison perfekt gemaach. Et ass déi siwent Victoire vu Mercedes zu Shanghai an déi éischt Victoire fir en Italieener zënter 20 Joer.

Ferrari huet wuel dogéint gehalen, konnt den Tempo vu Mercedes awer net matgoen a muss sech mat de Plazen 3 a 4 zefridde ginn. De Lewis Hamilton duerft eng 202. Kéier op de Podium klammen, de Charles Leclerc koum no him an d’Zil. Fir de Rekordweltmeeschter ass et den éischte Podium mat Ferrari.

D’Differenz tëscht béiden Ecurien an dem Rescht vum Feld gouf op en Neits ënner Beweis gestallt. Den Oliver Bearman, deen de Max Verstappen laang hannert sech hale konnt, gouf Fënnefte virum Pierre Gasly am Alpine, déi nom Out vu McLaren e gutt Ekipperesultat opweises hunn, well och de Franco Colapinto als Zéngten ee Punkt krut. Tëscht den zwee Alpine-Pilote louchen nach de Liam Lawson, den Isack Hadjar an de Carlos Sainz.

Resumé vun der Course

Nach virum Lancement war d’Course fir den amtéierende Weltmeeschter Lando Norris, de Gabriel Bortoleto an den Alexander Albon eriwwer. Hir Ecurië kruten den Auto wéinst technesche Problemer net prett fir de Start. Kuerz virun der Formatiounsronn gouf och den zweete McLaren vum Oscar Piastri an d’Boxegaass gedréckt a konnt net un den Depart goen. Et war den éischte Grand-Prix ouni McLaren-Participatioun zënter der Skandal-Course zu Indianapolis am Joer 2005.

De Lewis Hamilton hat de bessere Start a konnt sech virun der éischter Kéier un d’Spëtzt vum Feld setzen. De Kimi Antonelli konnt sech géint de Leclerc behaapten, de Russell war op Positioun 4 zeréckgefall. Eng Ronn méi spéit huet den Italieener sech seng éischt Plaz nees zeréckerkämpft. An der 4. Ronn hat sech och de Russell nees op der Positioun 2 erëmfonnt.

De Lance Stroll huet mam Ofstelle vu sengem Auto an der 9. Ronn eng Safety-Car-Phas ausgeléist, an där vill Fuerer dovu profitéiert hunn, sech nei haart Pneue sichen ze goen. Uschléissend hu sech d’Positiounen un der Spëtzt net grouss geännert. Den Antonelli konnt ganz vir seng Ronnen dréien, wärend de Russell sech mat den zwee Ferrari hannendrun en haarde Kampf geliwwert hunn. An der 30. Ronn konnt de Mercedes-Pilot laanscht si goen, koum awer net geféierlech u säi Coequipier erun.

De Max Verstappen huet säin Auto no Problemer mat der Boîte an der 46. Ronn mussen ofstellen. Zu där Zäit louch de véierfache Weltmeeschter laang Ronnen hannert dem Haas vum Oliver Bearman. Scho beim Start hat de Red-Bull-Pilot Problemer a war vun der 8. op déi 12. Plaz zeréckgefall.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

FORMULA 1 HEINEKEN CHINESE GRAND PRIX 2026

Back to Top
CIM LOGO